Den nationalen ARDF Event vum RL den 1. Septemberfënnt dëst Joer zu Grousbousstatt. D'Fuussejuegd wäert wéi di lescht Joeren rëm am 80m Band sinn.
Start an Arrivé ass um Parking op der N12 bei Grousbous:
http://g-o.lu/3/thfP
GPS: 5° 57′ 19,6″ E, 49° 50′ 25,4″ N
Déi éischt Départen sinn um 10:00. Wann d'Participants-Zuelen ähnlech si wéi d'läscht Joer, wier et gutt wann déi läscht Départen spéitstens um 11:00 wieren (den Zäit-Limit vun der Fussejuegd ass 2 Stonnen). Leit déi net grad sou sportlech sinn, kennen och een Deel vum Parcours maachen an eng méi kleng Zuel vu Sendere sichen.
Intresséiert Leit déi am Viraus wëllen Informatioune kréien (e.g. falls et misst kuerzfristeg aus wieder-technesche Grënn ofgesot ginn) kenne sech lo scho beim ARDF Working Group umellen (), mir wäerten awer och hei op der Homepage Informatioune ginn. Natierlech kann och jiddereen Sonndes einfach op d'Plaz kommen a sech nach do aschreiwen fir mat ze maachen. Op der Plaz wäert och fir Leit déi sech nach net sou mat der Thematik auskennen eng kleng praktesch Introduktioun gemaach ginn, well d’Sendere jo souwisou op der Plaz sinn, fir dann “hors compétition” der een oder zwee ze sichen.