Eisenborn

  • LX8HQ IARU HF Championship 2019

    Lëtzebuergesch De Weekend vum 13-14 Juli 2019 huet den RL nees mat der Headquarter Statioun LX8HQ am IARU HF Championship 2019 matgemaach.

    Et ass vum RL Shack aus gefunkt an am Ganzen ronn 1500 QSO'en gemaach ginn.

    LX8HQ 2019 Team (v.l.n.r.): Thorsten DG3KBQ, Jean-Luc F1ULQ, Mich LX1KQ, Mendaly LX2VY, Jean-Marie LX1JH, Heng LX1HD

     

  • LX9YL - A success story

    English An international YL (Young Ladies) Team was active from Eisenborn (Luxembourg city neighborhood) between August 7th and 10th, 2015. The group consisted of Dora HB9EPE, Johanna DJ5YL, Mado F1EOY, Christine F4GDI, Claudine F5JER, Tina DL5YL, Evelyne F5RPB, and Sophie F4DHQ. 5 stations have been set up and around 4800 QSOs were logged for the 160 to 6m band range in CW, SSB and Digital (PSK31, 63, 125 and RTTY).

    The log is available via Clublog and the QSL cards are settled via the Luxembourg QSL Bureau by Philippe/LX2A.

    The whole story can be read in the next RL bulletin.

    Lëtzebuergesch Wei annoncéiert hu sech YLen aus 4 verschiddene Länner vum 7. bis den 10. August zu Esebur getraff fir mat LX9YL ze funken. Schlussendlech goufe 5 Statiounen opgeriicht an et konnten an deene 4 Deeg em déi 4800 QSOen gemaach ginn. Niewelaanscht ass och zesummen diskutéiert a gefeiert ginn, a si waren sech op Betzder de Kontroll-Center vun der SES ukucken.

    E Bericht iwwert des Funk-Aktivitéit wäert am nächsten Bulletin publizéiert ginn.

  • RL Club-Owend - Soirée Club - RL Club Abend

    RL Clubowend

    Lëtzebuergesch Zousätzlech zu der Monatsversammlung zu Leideleng, all éischte Mëttwoch am Mount, wärt an Zukunft all läschte Freiden am Mount zu Esebuer am RL Shack ab 19:00 ee Club-Owend organiséiert ginn.
    Ziel vun dësem Club-Owend ass fir technesch Bastlereien oder Informatiouns-Austausch zu konkreten Themen ze förderen. D'Membere vum RL hunn och d'Méiglechkeet hier QSL-Kaarten ofzehuelen respektiv ofzeginn.

    Français En plus de la réunion mensuelle à Leudelange chaque premier mercredi du mois il y aura dorénavant chaque dernier vendredi du mois à Eisenborn au Shack du RL à partir de 19h00 une soirée Club.
    Le but de cette soirée sera de cultiver des bricolages techniques ou des échanges d'information sur des sujets concrets. Les membres du RL auront aussi la possibilité de retirer leurs cartes QSL respectivement de les remettre au bureau QSL.

    Deutsch Zusätzlich zu der Monatsversammlung, die jeden ersten Mittwoch des Monats in Leudelingen stattfindet, wird künftig an jedem letzten Freitag im Monat in Eisenborn im RL Shack ab 19:00ein Club-Abend organisiert.
    Ziel dieses Abends ist, technische Basteleien und Informationsaustausch zu konkreten Themen zu fördern. Die RL Mitglieder können hier auch ihre QSL Karten abholen beziehungsweise abgeben.

  • RL Grillfest 2015

    RL Grillfest 2015

    Lëtzebuergesch Och dest Joer hat den RL nees op séin grousst Grillfest invitéiert.

    Tëschent  30 an 40 Leit haten den Wee op Eesebur fonnt fir zesummen ze grillen. Also eng Hand voll méi wéi d' lescht Joer.

    D’ Wieder hat och matgespillt, sou dass et en groussen Erfolleg wor.

    Dass souvill Leit do woren beweist, dass et den Leit d' lescht Joer gefall huet an motivéiert fir dat Grillfest d’ nächst Joer ze widderhuelen.

    Wéi een op den Fotoen gesäit wor fir jiddereen eppes derbäi, egal op grouss oder kleng.

    Nom Iessen hunn sech vill Leit an den Schack zréck gezunn wou den LX1IQ eng D-Star Demonstratioun gemaach huet. En ganzen Koup OM’en haten och hiert eegent D-Star Gerät derbäi an hunn äifreg Froen gestallt. Si woren begeeschtert dass den RL elo schonn 3 D-Star Relaisen huet an waarden gespaant op den 4 Relais um Ronnebësch.

    Weider Fotoen vun dësem Event fannt dir hei: Album 1 - Album 2

  • RL Grillfest 2016

    RL Grillfest 2016

    Lëtzebuergesch D'RL Grillfest vum 5. Mee 2016 wor nees ee vollen Erfolleg. Wéi een op de Fotoen erkennt wor nët nëmmen d'Wieder mee och d'Stëmmung exzellent. De positiven Feedback motivéiert fir dat Fest och erëm 2017 ze widderhuelen.

    Français Comme on peut le constater sur les photos, le barbecue du RL a été un grand succès non seulement à cause du temps splendide mais surtout grâce à l'ambiance superbe qui régnait. 

    Deutsch Wie man auf den Fotos erkennen kann war das RL Grillfest 2016 wieder ein voller Erfolg und zwar nicht nur wegen des wunderbaren Wetters, sondern vor allem wegen der tollen Stimmung unserer Mitglieder. 

    Album LX1HD    -    Album LX1OM    -    Album LX1RFJ