Den RL ass frou kënnen matzedeelen dass alld' Kandidaten, déi sech beim RL an den Préparatiouns’ Cour fir den Funkamateur Examen 2019-2020 ageschriwwen haten, an deen am Januar vum ILR oofgehal gouf, dësen och gepackt hunn!
Vun eiser Säit aus Félicitatiounen un all déi nei Funkamateuren, déi och an der Tëschenzäit hier nei Ruffzeechen kruten.
Vill Spaass beim Hobby an mir hoffen iech demnächst op de Bänner ze héieren.
Wéi all Joers, wäert den RL dann och nees en Préparatiouns' Cour am Hierscht 2020-2021 organiséieren. Weider Détailer kommen no.
2020
- LX1BF- Frank
- LX1LC - Claude
- LX1PSI - Patrice
- LX2AS - Alain
- LX2LU - Alain
- LX2WM - Marc
- LX3OO - Darach
- LX6AP - André