IARU

  • 60 Meter Band

    Lëtzebuergesch Zanter dem 10. Oktober 2016, ass et zu Lëtzebuerg och erlabt dat neit 60m Band am Service Amateur ze benotzen. De Frequenz-Plang vum 3. Oktober deen den 10. Oktober am Mémorial publizéiert ginn ass, erlabt et, fir et vun 5351.5 bis 5366.5 kHz à titre secondaire mat enger "Puissance apparente rayonée" vu 15W ze benotzen.

    English Since October 10th, 2016, the new 60m band is allowed to be used in Luxembourg for amateur radio use. The frequency plan of 3rd October, published in the Mémorial on 10th October, allows the use from 5351.5 to 5366.5 kHz on a secondary basis with an "Effective radiated Power" of 15W.

  • Amateur Radio FAQ

    Lëtzebuergesch Amateurfunk - Waat ass dat?

    Fir eise flotten a villsäitegen Hobby dobaussen méi bekannt ze maachen ass dëse Flyer entwéckelt ginn.
    Dëse Flyer steet allen Interesséierten zuer Verfügung.

    Français Radioamateur - C'est quoi au juste?

    Pour éveiller l’intérêt pour notre hobby varié et intéressant auprès de vos connaissances, cette fiche a été élaborée.
    Elle est à la disposition de tous les intéressés.

    Deutsch Amateurfunk - Was ist das?

    Um das Interesse, an unserem verschiedenartigen und interessantem Hobby zu wecken, ist dieser Flyer entwickelt worden.
    Er steht allen Interessierten zur Verfügung. (

    English Amateur Radio -  What's that?

    In order to stimulate interest in our varied and interesting hobby this flyer has been made available to all who might be interested in learning a little bit more.

     

    English version English pdf  PDF - Deutsche Version Deutsch pdf  PDF 

     
  • Ethics and Operating Procedures for the Radio Amateur

    English The booklet “Ethics and Operating Procedures for the Radio Amateur” has become a respected work describing the best standards of operating on the amateur bands. Translated into most major languages, the booklet by John Devoldere, ON4UN and Mark Demeuleneere, ON4WW, is a valuable reference work for all radio amateurs.

    Français Le livret "L'éthique et les procédures opérationnelles du radioamateur" de John Devoldere ON4UN et Mark Demeuleneere ON4WW, est devenu un ouvrage de référence pour tous les radioamateurs. Il a été traduit dans de nombreuses langues.

    hamradio-operating-ethics.org

  • IARU HAMChallenge 2022

    Den neie President vun der IARU R 1, Sylvain F4GKR, lancéiert en éischten Opruff fir den "HAMChallenge".

    Dësen Uruff riicht sech un all Radioamateuren a Radiosveräiner.

    Wat ass et genee?

    IARU Regioun 1 begréisst innovativ Iddien, déi zu méi lizenzéierte Radioamateure kënne féieren.

     

    Den Uruff ass an dräi Deeler organiséiert:

    • Bis den 31. Mee 2022: all Konzeptvirschléi si wëllkomm,
    • Juni 10, 2022: IARU Regioun 1 wäert déi bescht Iddien virauswielen an d'Teams informéieren déi se ofginn hunn fir e méi detailléierte Projet virzebereeden,
    • 25. Juni 2022: Wärend HamRadio 2022 ginn déi bescht Projete belount.

    Voll Detailer kënnen op der IARU Regioun 1 Websäit fonnt ginn.

    https://www.iaru-r1.org/2022/we-want-your-ideas-to-change-us-join-now-the-very-first-hamchallenge/

  • IARU HAMChallenge 2022 Winners

    Mir haten am Mee den Opruff fir IARU Hamchallenge hei publizéiert an d'Gewënner stinn elo fest:

    1. Platz (ex aequo) ginn un den 5B4AHZ Nestor mam "Ham Radio Escape Room" an den HB9FEU Christian mat "A public database of fun projects for innovation"
    3. Platz geet un den IU2FRL Luca a säin Team fir hiren "UrgentSat"
    De Jugendpräis geet un den ZS6GUY Guy fir säin "A Workbook that will showcase various aspects of the hobby

    Hamchallenge: and the winners are ? | International Amateur Radio Union (IARU)

  • IARU R1 préparatioun's Versammlung mat der UBA

    Lëtzebuergesch En Freideg den 9. August huet sech en Deel vum RL Comité mam Claude van Pottelberghe (ON7TK), President vun der UBA, an dem Carine Ramon (ON7LX), nationalen (B) HF Manager zu Eesebour getraff. An engem Morathon Meeting vun 4 Stonnen huet den Comité vum RL mat der UBA zesummen sämtlech IARU Propositiounen durchgeschafft.
    Wéi sëch an deser Réunion erausgestallt huet, ass den RL bei den meschten Proposen op enger Line mat der UBA.
    Dass d' UBA dem RL seng Meenung zu denen verschidden Propositiounen bei der IARU R1 GC vertrieden kann, huet hien der UBA säin Proxy gin.

    Den RL wor durch den LX1KQ, LX1MA, LX1JU an LX1IQ vertrueden.

    Am nächsten Bulletin gin mir nach enkeier mei genau op dest Treffen an.

  • IARU Region 1 Documents

    English IARU Region 1 Documents
    The following documents have been created by some IARU Region 1 Working groups, and should be distributed by the member societies.
    Lëtzebuergesch IARU Region 1 Dokumenter
    Folgend Dokumenter si vun de IARU Region 1 Working Groups erstallt ginn, a sollen duerch déi verschidden national Associatioune verdeelt ginn.

    English IARU Information about the 2015 World Radiocommunication Conference (WRC)
    Deutsch IARU Information „WRC 2015“
    Français Information de l‘IARU sur la « CMR 2015 »

  • IARU Region 1 General Conference 2017

    Lëtzebuergesch Den RL ass dëst Joer vum 16. bis den 22. September duerch den LX1KQ an LX2OO op der IARU Region 1 General Conference zu Landshut an Däitschland vertrueden.

    Et wäert och eng Sonderstatioun op dene verschiddene Funkamateurs-Bänner vun do aus QRV sinn.

    Zousätzlech wäert de RADIO DARC all Dag Neiegkeete vun der Konferenz senden, hei ënnendrënner d’Informatioun vum DARC.

     

    English The RL is represented from 16th to 22nd September by LX1KQ and LX2OO at the IARU Region 1 General Conference in Landshut., Germany.

    A special event station will be QRV on the different amateur radio bands.

    In addition to this, RADIO DARC will transmit every day some news from the conference, on some broadcast frequencies in english language (see list of frequencies and time slots below).

     


    Sondersendungen zur IARU-Region 1 Konferenz geplant
     
    Vom 16. bis 23. September 2017 findet in Landshut bei München die IARU-Region-1-Konferenz statt. RADIO DARC wird in sechs täglichen Sondersendungen top-aktuell per Kurzwelle über die Konferenz berichten und die Funkamateure der IARU Region 1 mit Nachrichten und Hintergrundberichten auf dem Laufenden halten. Gesendet wird in englischer Sprache. Die Programme werden über mehrere Sender und Kurzwellenbänder ausgestrahlt, so im 22 Meter- 31 Meter- und im 49 Meter-Band, um möglichst allen Funkamateuren in verschiedenen Zielgebieten der Region 1 einen Empfang zu ermöglichen.
    Deutschland war 1958 das letzte Mal Gastgeber dieser Veranstaltung der Internationalen Amateur-Radio-Union. 150 Delegierte von vielen der 96 Mitgliedsverbänden werden dort Fragen rund um den Amateurfunkdienst diskutieren. Die Konferenz ist das Selbstregulierungsorgan des Amateurfunks für Afrika, Europa und weite Teile Russlands und Asiens.
    Der Sendepartner von RADIO DARC ist die Österreichische Rundfunksender GmbH in Moosbrunn bei Wien.
    Der Sendeplan ist wie folgt:
    Sonntag 17. September 2017 bis Freitag 22. September 2017

    • 17:30 - 18:00 UTC / 13775 kHz / 300 kW / für Afrika
    • 17:30 - 18:00 UTC / 9790 kHz / 100 kW / für Osteuropa/Russland/Naher Osten
    • 18:00 - 18:30 UTC / 6070 kHz / 100 kW / für Zentral-, Nord- und Südeuropa
    • 18:00 - 18:30 UTC / 9540 kHz / 100 kW / für Westeuropa

    RADIO DARC ist das wöchentliche Magazin des Deutschen Amateur-Radio-Club e.V. für Funkamateure und Kurzwellenhörer mit drei Ausstrahlungen auf 6070 kHz für Europa. Die Sendungen enthalten DX-Meldungen, Technik-Berichte und News aus dem DARC, dazu Reportagen, Kommentare, Funkwetter und tolle Musik der 70er und 80er Jahre. Die Sendungen des DARC sind nach Einstellung der Deutschen Welle und anderer Programme mittlerweile eines der wenigen noch verbliebenen Kurzwellenprogramme aus Deutschland.

  • IARU Region 1 General Conference 2020

    D'IARU Regioun 1 Generalkonferenz, déi ursprénglech zu Novi Sad a Serbien stattfanne sollt, fënnt elo online ab e Sonndeg den 11.10.2020 statt.

    Profitéieren vum Online Zougang wäerten bal eng gutt 200 Delegéiert an Observateuren vu +/- 50 nationale Member Verbänn.

    Bal 90 Dokumenter, déi esou genannten “Papers”, si fir Diskussioun geplangt. D’Konferenz gëtt formell vum IARU President Tim Ellam, VE6SH, opgemaach.

    Diskussiounen wäerten a véier Haaptthemen stattfannen: Organisatioun an Administratioun, HF, VHF an EMC.

    Lëtzebuerg ass duerch den RL mat 3 Delegéierter mam Armand LX1MA, Thomas LX2OO a Mich LX1KQ vertrueden.

    Weider Informatiounen sinn ob der Homepage https://conf.iaru-r1.org/ ze fannen.

     

  • LX8HQ IARU HF Championship 2019

    Lëtzebuergesch De Weekend vum 13-14 Juli 2019 huet den RL nees mat der Headquarter Statioun LX8HQ am IARU HF Championship 2019 matgemaach.

    Et ass vum RL Shack aus gefunkt an am Ganzen ronn 1500 QSO'en gemaach ginn.

    LX8HQ 2019 Team (v.l.n.r.): Thorsten DG3KBQ, Jean-Luc F1ULQ, Mich LX1KQ, Mendaly LX2VY, Jean-Marie LX1JH, Heng LX1HD

     

  • LX90IARU

    Lëtzebuergesch D’IARU huet 2015 hiren 90. Gebuertsdag gefeiert. Dofir goufen et weltwäit e puer Initiativen, besonnesch am Mount Abrëll fir un dëst Evenement ze erënneren. Parallel dozou wor dann och den 18. Abrëll den “World Amateur Radio Day”, well op deem Dag am Joer 1925 d’IARU zu Paräis gegrënnt ginn ass.

    Den RL huet och vum 1. bis den 30. Abrëll mam spezielle Ruffzeechen LX90IARUbei de Festivitéite matgemaach. All eis Membere konnten mat dësem Ruffzeechen fir e puer Deeg QRV ginn.

    Français L’IARU a fêté son 90e anniversaire en 2015. Pour cet évènement, le RL a utilisé du 1 au 30 avril l’indicatif spécial LX90IARU. Tous les membres pouvaient  activer l’indicatif pendant cette période.

    English In 2015 the IARU was celebrating it's 90th anniversary. For this event, we used the special callsign LX90IARU from 1st to 30th April 2015. All members were able to activiate the callsign during this period.

  • News IARU - Landshut 2017 - Bilan

    Den offiziellen Ofschlossbericht vun der IARU Region 1 General Conference, déi vum 16. bis den 23. September zu Landshut stattfonnt huet, kann op der Websäit vun der IARU R1 erofgelueden ginn: https://www.iaru-r1.org/index.php/downloads/func-startdown/977/

    D'RL Delegatioun (LX1KQ Mich an LX2OO Thomas) huet un deene verschiddene Workshops iwwer déi aktuell Themen deelgeholl. E puer vun den Haapt-Themen déi alleguer d'Funkamateure betreffen an déi op der Konferenz behandelt goufen, sinn d'Protectioun vun eisem Spektrum an d'Zuel vun den aktive Funkamateuren déi allgemeng réckleefeg ass. D'Konferenz huet och d'Strategie vun der IARU Regioun 1 op de Leescht geholl, am Hibléck op Memberszuelen déi zréck ginn, an eng finanziell Situatioun déi riskéiert an noer Zukunft ganz prekär ze ginn wann näischt geännert gëtt.

    Et gouff och een neien Exekutivcomité an der Final Plenary gewielt. Den Executive Committee fir 2017 bis 2020, dee seng Amtszäit den 31. Oktober 2017 ufänkt, sinn:

    • President: Don Beattie, G3BJ
    • Vice President: Faisal Al-Ajmi, 9K2RR
    • Schatzmeeschter: Andreas Thiemann, HB9JOE
    • Generalsekretär: Hans Blondeel Timmerman, PB2T

    Memberen:

    • Sylvain Azarian, F4GKR
    • Alessandro Carletti, IV3KKW
    • Mats Espling, SM6EAN
    • Joerg Jaehrig, DJ3HW
    • Oliver Tabakovski, Z32TO

    Update:

    Hei an desem PDFkann een nach noliesen wat fir eng Decisiounen an der Final Plenary dee leschten Dag ugeholl gi sinn. Merci un de REF fir déi franséisch Iwwersetzung.

     

  • YOTA Month - LX4YOTA 2016

    Lëtzebuergesch Am Kader vum Youngsters On The Air Working Group vun der IARU Region 1 ass vum 1. bis den 31. Dezember 2016, genau wéi d’läscht Joer, rëm de YOTA Mount. An deem Mount sollen international, speziell Jugend-Statioune QRV ginn, fir d’Äiss e bëssen ze briechen, dass jonk Leit rëm méi de Mikro an de Grapp huelen. Lëtzebuerg wäert viraussiichtlech rëm mam Ruffzeechen LX4YOTAmatmaachen.

    Jonk Memberen si wëllkomm fir dat Ruffzeeche während engem oder e puer Deeg ze aktivéieren. Falls dir jonk Leit kennt déi nach keng Lizenz hunn an déi sech awer fir den Hobby intresséieren, ass dëst och d’Geleeënheet fir dass si et mol zesumme mat engem vun eise Youth-Koordinatoren eng Kéier kennen ausprobéieren. 

    Falls der intresséiert sidd kennt der iech beim Youth-Working Group am beschte per Mail op mellen.

    Méi Informatioune fennt een op der offizieller YOTAWebsäit.

    English In order to promote amateur radio amongst young people, the Youngsters On The Air Working Group IARU Region 1 inititated the YOTA Month from December 1st to December 31st, 2016. Luxembourg will likely participate with the callsign LX4YOTA, which youngsters can activate during a few days.

    If you are interested to participate, please don't hesitate to contact our Youth-Working Group per email via .

    You'll find more details on the official YOTASite.