Radio Scouting

  • Den RL bei der Inauguration vun der Ausstellung 100 Joer FNEL

    Lëtzebuergesch 100 Joer FNEL

    2014 feiert d’Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg (FNEL) hir 100 Joer.

    Zu där Gelegenheet huet d’FNEL eng Ausstellung am Postmusée am Gebai vun der Post op der Gare zu Lëtzebuerg opgemach. Si dauert vum 23.5.-31.10.2014. De Postmusée ass op vu Méindes bis Freides vun 13-17 Auer a gratis. ((Eng « visite guidée » ass op Ufro bei der Mme Sandra Heinisch (tél. : 4088-7255) ausserhalb deenen Zäite méiglech)). Well den RL beim Jamboree On The Air (JOTA) all Joer bei de Scouten mattmecht weist den RL och do drop hin dass Amateurfunk bei där Gelegenheet weltwait Kontakten ënner de Scoutsgruppen erméiglecht.

  • JOTA 2021

    JOTA-JOTI 2018 Logo (small)

    Dëse Weekend ass et erëm esou wäit. Vum 15. bis den 17. Oktober ass de 64. JOTA. Nieft de 6 Lëtzebuerger JOTA Statiounen, eng genee Lëscht ass um Site www.jotajoti.lu ze fannen, ass och erëm de Welt Scout Bureau “Global Support Centre Europe” op Besuch hei zu Lëtzebuerg . Hiert Ruffzeechen ass LX9S . All déijéineg, déi d’Statioun LX9S wëllen besichen goen, mussen sech am Viraus iwwert d’Email umellen . Et ass nämlech en CovidCheck Event.

    Och bei deenen anere Statiounen gëllen d’Covidcheck Regelen.

    Dësen internationalen Event mat enger Bedeelegung vun etwa 2 Millioune Scouten aus 170 Länner ass fir eis déi Geleeënheet fir Reklamm fir eisen Hobby ze maachen an nei OM’en ze begeeschteren. Dofir ass et wichteg, dass mir dee Weekend e bësse méi Toleranz zu allen Richtlinnen op all eise Bänner weisen, awer virun allem dass mir do present sinn a virféieren wéi flott an interessant eisen Hobby ass.

     

    Logo_JOTA_JOTI_2021.png

  • JOTA 2022

    JOTA-JOTI 2018 Logo (small)

    Vum 14. bis den 16. Oktober ass den 65. JOTA.

    Um Site www.jotajoti.lu stinn weider Informatiounen wéi een als Radioamateur kann matmaachen. Eng Lëscht mat den Scout Gruppen déi mat maachen ass och hei ze fannen.

    Dësen internationalen Event mat enger Bedeelegung vun etwa 2 Millioune Scouten aus 170 Länner ass fir eis déi Geleeënheet fir Reklamm fir eisen Hobby ze maachen an nei OM’en ze begeeschteren. Dofir ass et wichteg, dass mir dee Weekend e bësse méi Toleranz zu allen Richtlinnen op all eise Bänner weisen, awer virun allem dass mir do present sinn a virféieren wéi flott an interessant eisen Hobby ass.

  • JOTA-JOTI 2015 Informatiounsversammlung

    Lëtzebuergesch Léif JOTA Coordinateuren,

    All Joer fënnt den Jota-Joti (Jamboree On The Air an Jamboree On The Internet) statt. Dëst ass en Weekend wou Guiden a Scouten aus der ganzer Welt iwwert Funk an Internet mateneen kommunizéieren.

    Mir, wëllen dech an jiddereen deen interesseiert ass häerzlech op eng Informatiounsversammlung iwwert des Aktivitéit invitéieren.

    Niewent deenen Froen wei: "Waat brauch ech vun Material?, Wou fannen ech en Amateurfunker (fir Scoutsgruppen)?, Wou fannen ech e Scoutsgrupp (fir Amateurfunker)?, Wéi leeft esou e Weekend of?, Muss een do vill präparéieren?, …", gi mir awer och Neierungen zum nationale JOTA-JOTI Weekend bekannt wou mer probéiere wëllen all Joer eng bestëmmte Kommunikatiounsform ze förderen. Wéi eng et dëst Joer ass kritt der hei mat enger Demo erkläert.

    Dess Informatiounsversammlung ass den 4. Juli 2015 um 18:00 Auer an der FNEL Verbandszentral (61A, rue de Trèves, an der Stad).

    Lénks Patt, 73, a bis geschwënn,

    D'Team vun dem "Scouting in Luxembourg" Aarbechtsgrupp Alexander Graham Bell (aalt JOTA-JOTI Team).

  • JOTA-JOTI 2018 - LX9S

    JOTA-JOTI 2018 Logo (small)
    LX9S – CQ calling jamboree stations around the world –

    Introduction
    JOTA / JOTI 2018 runs from Friday the 19th to Sunday the 21st October 2018.
    This is the 61st year this event is running and is the largest Scouting event on the calendar with approximately 2 million Cubs, Scouts and Guides taking part.
    Normally HB9S – the scouting station of the World Scout Bureau – operates from Geneva. This year HB9S was invited as guest at FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg) Scout-HQ in Luxembourg. The callsign therefore changed to LX9S.
    LX9S was operated during the JOTA by an international team of "radio scouting" operators. The “radio scouting” operators came from Luxembourg, Switzerland, Malta and the Netherlands. They were supported by a group of local specialists going from IT-specialist, logician, cooks, scout leaders and radio-amateurs of the Luxembourg Amateur Radio Society.
     
    Activities at LX9S
    During the JOTA/JOTI around 30 scouts stayed permanently on the site and 60 scouts visited for a few hours during the weekend. A small camp site was built with of course a traditional campfire and campfire activities.
    The scouts spend half a day contacting Scouts and Guides from around the world over the radio and Internet. They could solder an electronic circuit (sound detector) and complete a number of badge requirements.
     
    LX9S Station description
    The station was built of local and remote equipment and antennas. On the premises of the FNEL clubhouse several antennas were erected. One tower mast on a trailer with a rotatable 20-meter band beam, 40-meter band dipole and a VHF/UHF groundplane antenna on top. A second mast was setup for another VHF/UHF groundplane antenna and also used for a 40-meter band dipole and a 80+160 meter band dipole antenna. For the echolink and SSTV setup there was another antenna mounted to the balcony. DMR radio was operated via a local hotspot connected to an Internet connection.
     
    For short wave 3 different local setups were used. Which where build with FT-2000, FTdx-1200, FT991A transceivers including amplifiers to make a strong signal on the bands. For D-star/DMR, echolink, SSTV there were other transceivers and portables/handy's. The remote station was built with two FTdx-5000 transceivers which were connected via the Internet to the remote contest station LX7I. This station has a very impressive setup with multiple stacked antenna's in different directions on multiple bands including amplifiers, all easily controlled via computer. The two transceivers could operate simultaneously on different amateur bands. For logging all the nice QSO's (connections with other scoutstations) a logging program was used which was interconnected with all the transceiver setups. For JOTI there was a room with multiple computers to chat with other scouts.
     
    Conclusion
    A youtube video gives a excellent impression of the JOTA/JOTA activities at LX9S and the FNEL Scout-HQ. During this weekend some 600 QSO were made with scouting stations all around the world. The team had a lot of fun and the JOTA/JOTA at FNEL HQ was great experience. Thanks to all who made this experience possible.

    LX9S Crew

     

  • JOTA-JOTI 2020

    JOTA-JOTI 2018 Logo (small)

    Wéi all Joer ass och dëst Joer erëm en JOTA / JOTI-Weekend bei de Scouten. De Weltdaachverband vum Scoutissem, de WOSM, huet och schonn di éischt Informatiounen zu dem weltwäit gréissten alljärlechen Scoutsevent eraus ginn. Et wäert net sou einfach ginn wéi di Jore virdrun wéinst deenen aktuelle COVID-19 Restriktiounen un déi mir eis all hale mussen. Mir probéieren d’Guiden an d’Scouten awer net ze enttäuschen a bidden hinnen eis Hëllef un.

    Dofir hei och erëm en Opruff un all eis OM’en fir eis mat Know-How an Hëllef ze ënnerstëtzen. Dat ass dëst Joer nach méi wichteg wéi soss di Joren virdrun well mir deene Jugendlechen awer e Gefill vu Sécherheet an Normalitéit vermëttele wëllen. D’Radio Amateurs du Luxembourg (RL) ass den  eenzege Lëtzebuerger vun der IARU unerkannte Radioamateurveräin a steet och dëst Joer dem Scouting in Luxembourg (FNEL an LGS) erëm bäi fir de JOTA. Mir hëllefen net nëmmen an gudden Zäiten mäi och an schwieregen Zäiten wéi och an Noutfäll. Mir vertrauen dem Scouting in Luxembourg ganz dass si de JOTA wéi déi honnerten aner Scoutsaktivitéiten déi während der COVID Zäit waren (mat Autorisatioun vun der Santé) am Respekt vun den sanitäre Reegelen duerchféieren. Mir setzen als Spezialisten vum Funk eis Kompetenz allzäit  gär an, fir der gréisster Jugendorganisatioun ze hëllefen.

    Di ganz Aktivitéit ass wéi ëmmer eng Zesummenaarbecht tëschent dem RL, der LGS an der FNEL, d’Koordinatioun mécht de JOTA-Team vum SIL. Kuckt iech heifir am Internet d’Säit vum JOTA-Team un: www.jotajoti.lu. Hei fënnt een ëmmer di aktuellsten Informatiounen. Umeldungsschluss ass den 7. Oktober.De Weekend selwer ass wéi gewinnt, den drëtte Weekend am Oktober, dëst Joer also vum 16. op den 18. Oktober.