YOTA

  • YOTA Month - LX4YOTA 2016

    Lëtzebuergesch Am Kader vum Youngsters On The Air Working Group vun der IARU Region 1 ass vum 1. bis den 31. Dezember 2016, genau wéi d’läscht Joer, rëm de YOTA Mount. An deem Mount sollen international, speziell Jugend-Statioune QRV ginn, fir d’Äiss e bëssen ze briechen, dass jonk Leit rëm méi de Mikro an de Grapp huelen. Lëtzebuerg wäert viraussiichtlech rëm mam Ruffzeechen LX4YOTAmatmaachen.

    Jonk Memberen si wëllkomm fir dat Ruffzeeche während engem oder e puer Deeg ze aktivéieren. Falls dir jonk Leit kennt déi nach keng Lizenz hunn an déi sech awer fir den Hobby intresséieren, ass dëst och d’Geleeënheet fir dass si et mol zesumme mat engem vun eise Youth-Koordinatoren eng Kéier kennen ausprobéieren. 

    Falls der intresséiert sidd kennt der iech beim Youth-Working Group am beschte per Mail op mellen.

    Méi Informatioune fennt een op der offizieller YOTAWebsäit.

    English In order to promote amateur radio amongst young people, the Youngsters On The Air Working Group IARU Region 1 inititated the YOTA Month from December 1st to December 31st, 2016. Luxembourg will likely participate with the callsign LX4YOTA, which youngsters can activate during a few days.

    If you are interested to participate, please don't hesitate to contact our Youth-Working Group per email via .

    You'll find more details on the official YOTASite.

  • YOTA Subregional Camp DL 2019

    Lëtzebuergesch De Weekend vum 15. bis den 17. Mäerz 2019 fënnt den Youngsters On The Air Subregional Camp 2019 am Amateur Radio Center vum DARC zu Baunatal statt.

    De Youngsters On The Air Program (YOTA) ass eng Initiativ vun der IARU fir jonkt Radio Amateuren zesummen engagéiern an si  bei hiren Aktivitéiten a Projeten  ze ënnerstëtzt.

    Lëtzebuerg ass duerch den RL Member Erik LX6ES vertrueden.

  • Youngsters On The Air - LX4YOTA 2014

    Lëtzebuergesch Am Kader vum Youngsters On The Air Working Group vun der IARU Region 1 ass vum 1. bis den 31. Dezember 2014 de YOTA Mount. An deem Mount sollen international, speziell Jugend-Statioune QRV ginn, fir d’Äiss e bëssen ze briechen, dass jonk Leit rëm méi de Mikro an de Grapp huelen. Lëtzebuerg wäert mam Ruffzeechen LX4YOTAmatmaachen.

    Jonk Memberen déi och dat Ruffzeeche wëllen während engem oder e puer Deeg aktivéieren, kenne sech beim Youth-Koordinator Ralph LX1RS () a beim President Mich LX1KQ () mellen.

    Méi Informatiounen iwwer déi aner Statiounen déi matmaachen an d’Konditioune fir den Diplom ze kréien, fannt dir ënner http://www.ham-yota.com/

    English In order to promote amateur radio amongst young people, the Youngsters On The Air Working Group IARU Region 1 inititated the YOTA Month from December 1st to December 30th, 2014. Luxembourg will participate with the callsign LX4YOTA, which youngsters can activate during a few days.

  • Youngsters On The Air - LX4YOTA 2015

    Lëtzebuergesch Am Kader vum Youngsters On The Air Working Group vun der IARU Region 1 ass vum 1. bis den 31. Dezember, genau wéi d’läscht Joer, rëm de YOTA Mount. An deem Mount sollen international, speziell Jugend-Statioune QRV ginn, fir d’Äiss e bëssen ze briechen, dass jonk Leit rëm méi de Mikro an de Grapp huelen. Lëtzebuerg mecht mam Ruffzeechen LX4YOTAmat.

    Jonk Memberen si wëllkomm fir dat Ruffzeeche während engem oder e puer Deeg ze aktivéieren. Falls dir jonk Leit kennt déi nach keng Lizenz hunn an déi sech awer fir den Hobby intresséieren, ass dëst och d’Geleeënheet fir dass si et mol zesumme mat engem vun eise Youth-Koordinatoren eng Kéier kennen ausprobéieren. 

    Falls der intresséiert sidd kennt der iech beim Youth-Working Group am beschte per Mail op mellen.

    Et wäert och dëst Joer rëm een Diplom vun der IARU ausgeschafft ginn, d’Konditioune wäerten bis Ufank Dezember op der Homepage vun der YOTA publizéiert ginn.

    English In order to promote amateur radio amongst young people, the Youngsters On The Air Working Group IARU Region 1 inititated the YOTA Month from December 1st to December 31st, 2015. Luxembourg will participate with the callsign LX4YOTA, which youngsters can activate during a few days.