2016

  • ARDF - Amateur Radio Direction Finding - Event am Juli

    Wéi schonn an enger vireschter QST Emissioun ugekënnegt ass den 3. Juli zanter laanger Zäit mol rëm een ARDF Event, also eng Fuussejuegt hei zu Lëtzebuerg. Dat ganzt wäert fir des éischt Kéier lo mol just op 80 Meter gemaach ginn. De Club huet eng limitéiert Zuel vun Empfänger déi kennen ausgeléint ginn, sot eis an deem Fall wann der dovu wëllt profitéieren awer am Viraus Bescheed, op .

    D’Umellungen wäerten ab halwer 11 zu Eesebuer beim Shack gemaach ginn, de Start vun den éischte Participanten ass da fir 11 Auer virgesinn. Et ass souwuel ee Grill mat Grill- a Mettwurschten  wéi och Gedrénks op der Platz, sou dass ee sech dono direkt rëm ka stäerken. Aus organisatoresche Grënn ass et fir eis méi einfach wann dir eis am Viraus Bescheed sot wann der matmaache wëllt, et kann awer och nach jiddereen den Dag selwer einfach dohi kommen, ouni ugemellt ze sinn. Am Fall wou der iech per Mail bei eis ugemellt hutt, kenne mer iech och Bescheed soen, falls et aus Wieder-technesche Grënn misst ofgesot ginn.

  • Ham Radio 2016

    Lëtzebuergesch Wéi déi lescht Joeren ass den RL och dëst Joer rëm mat engem flotte Stand mat e puer Neierungen op der HamRadio zu Friedrichshafen vertrueden.

    Den DVC Working Group stellt ebenfalls seng nei Entwéckelungen op der Platz vir.

    D’Ausstellung um Bodensee ass vu Freides dem 24. bis Sonndes dem 26. Juni. Dir sidd all häerzlech Wëllkomm eis op de Stand A1-750 an der Hal A1 besichen ze kommen.

    English Like the previous years, the RL is participating from the 24th to 26th June 2016 at the Hamradio fair in Friedrichshafen.

    Feel free to visit us at our stand A1-750 in hall A1where you can get an insight to the new developments from our digital voice group.

  • Polo Sammelbestellung 2016

    Lëtzebuergesch Wéinst der grousser Nofro mécht den RL nees eng Sammelbestellung fir Poloen. Dës Kéier stinn och Poloen mat laangen Ärem um Programm an dir kënnt d'Fuerw fräi wielen mat Ruffzeechen an Numm oder ouni.

    Fir d'Bestellung einfach den Bestell-Formular ausfëllen an un emailen oder op eis Postkëscht schécken an de Betrag op de Konto vum RL iwwerweisen. Et gëllen 2 Terminer fir d'Iwwerweisungen. Leit déi presséiert sinn an de Polo schonns fir Friedrichshafen wëllen hunn, mussen de Betrag bis den 29. Mee iwwerwisen hunn. Am anere Fall gelt den 20. Juni als leschten Termin.

    Français Vu le grand succès rencontré l'année passée, le RL vous propose à nouveau de commander vos Polos RL manches courtes ou longes avec indicatif et/ou nom. Le tout dans la couleur et taille de votre choix.

    Il suffit de remplir le formulaire ci-joint et de l'envoyer par email à ou bien de l'imprimer et l'envoyer à notre boite postale. Ne sont considérés que les commandes dont le virement a été reçu sur le compte du RL le 29 mai 2016 (livraison juin pour Friedrichshafen) ou bien pour le 20 juin (livraison juillet).

    English Given the great success encountered last year, you can order your own RL Polo Shirts again this year with long or short sleeves, tailormade with your callsign and/or name, and in the color and size of your choice.

    Simply fill out the attached form and email it to or print it out and send it to our P.O. box. We only account the orders for which we have received the due amount on our RL CCP account by May 29th 2016 (for June delivery for Friedrichshafen) or by the 20th of June at latest for July delivery.

    Bestellformular - Bon de Commande  - Order Form 

     
  • RL Assemblée générale 2016

    D’Assemblée générale vum RL huet den 13. Mäerz 2016 zu Peppeng stattfonnt. Trotz dem gudde Wieder haten eng Partie Memberen de Wee dohinner fonnt, genau sou wéi den Éieremember DK4XC. Als Gäscht konnte mer och de President vun der UBA, ON7TK, a seng XYL ON7LX begréissen.

    De komplette Rapport vun der AG wäert wéi üblech am nächste Bulletin publizéiert ginn.

    Dëst Joer stounge jo och Comité-Walen um Programm. Den neie Comité, zesumme mam President LX1KQ, stellt sech lo aus folgende Leit zesummen: Jean-Claude LX1CU, Christian LX1FC, Luc LX1IQ, Dan LX1JU, Armand LX1MA, Romain LX1RW, Arsène LX1TB, Carlo LX1TI a Philippe LX2A. Déi genau Charge wäerten op der éischter Comité-Versammlung verdeelt ginn.

  • RL Grillfest 2016

    RL Grillfest 2016

    Lëtzebuergesch D'RL Grillfest vum 5. Mee 2016 wor nees ee vollen Erfolleg. Wéi een op de Fotoen erkennt wor nët nëmmen d'Wieder mee och d'Stëmmung exzellent. De positiven Feedback motivéiert fir dat Fest och erëm 2017 ze widderhuelen.

    Français Comme on peut le constater sur les photos, le barbecue du RL a été un grand succès non seulement à cause du temps splendide mais surtout grâce à l'ambiance superbe qui régnait. 

    Deutsch Wie man auf den Fotos erkennen kann war das RL Grillfest 2016 wieder ein voller Erfolg und zwar nicht nur wegen des wunderbaren Wetters, sondern vor allem wegen der tollen Stimmung unserer Mitglieder. 

    Album LX1HD    -    Album LX1OM    -    Album LX1RFJ

  • RL QST Archiv 2015

    QST Emissioun Archiv 2015