LX0DRD

  • D-STAR Registration Process

    English After having set your callsign (MYCALL) in your transceiver you need to register your callsign on the D-STAR Network. You only have to do it once on any registration server of your choice. Registration servers will perform registration on the D-STAR Network worldwide.

    We show you in a few steps how you can register your callsign.

  • D-Star Relais LX0DRD - Dippëch

    Lëtzebuergesch Säit Gëschter, dem  29.11.2014, leeft den Dippëcher D-STAR Relaismat sengem definitiven Ruffzeechen LX0DRD.

    Déi Leit, déi den Relais bis elo als LX0XPgeschafft hunn, mussen d’ Parameteren fir RTP1 an RTP2 an hiren Geräter upassen an op LX0DRD ëmstellen.

    All Internet Servicer wei DPlus, DExtra DCS an IRCDDB sinn och online.

    Nodeem festoung, dass den bestehenden Koaxkabel bis bei d’ Antenn erop schlecht wor hunn mir desen leschten Samsteg duerch en 7/8” Kabel ersat.

    Et besteet den Moment nach sporadesch ee klenge Problem um Niveau vun der Receptioun. Vir der Saach op den Grond ze goen, wäerten mir am Laf vun der nächster Woch den Duplexer tauschen. Et muss sech dann erausstellen op domadder den Problem dann geléist ass.

    English Since 29-NOV-2014 the 3rd Luxembourg D-STAR repeater LX0DRD,located in Dippach JN29XO,is officially on the air with all services enabled.

    If you previously used LX0XPduring the testing period please replace that callsign by LX0DRD in our settings now.

  • D-Star Relais LX0DRD QRV

    Lëtzebuergesch Den Dippëcher D-STAR Relais LX0DRD ass ass den 25.9.2022 geingt 15h00 erem a Betrib geholl ginn. De Blëtz war während engem Donnerwiedr an de Mast ageschloen an hat eis Equipementer deelweis zerstéiert.

    Op der Platz woren den LX1CU, LX1JM, LX1IQ an den LX1TB. E grousse Merci un den LX3JL, de Jean-Luc deen d‘Operatiounsverstärker agebaut huet.
     

    English The D-STAR Repeater LX0DRD was put back into operation on 25.9.2022 at 15:00. 

     
     
     
  • LX0DRD bis ob weideres QRV vun Blaaschent aus

    Gëschter am Laf vum Moien ass en Camion vun engem Entrepreneur während Bauaarbechten an den Sendemast vum LX0DRD zu Dippëch gerannt. Dorops hin ass den Mast emgefall.
    Well nët gewosst ass wéini mir deen Site nees kënnen exploitéieren huet eisen DVC working group den Relais zu Blaaschent um Site vum LX0DML nees an Betrib geholl.

    Vun hei aus en décken Merci un déi Leit, déi eng Hand mat ugepaackt hunn fir dass den LX0DRD nees konnt esou schnell online goen.
    Och en ganz besonnegen Merci un den ILR déi eis schnell an onbürokratesch eng provisoresch Lizenz accordéiert hunn fir den LX0DRD zu Blaaschent däerfen ze bedreiwen.
    Duerch den Ausfall vum Site Dippëch ass och den HAMNET Link vum LX0DRV ennerbrach, sou dass dësen Relais temporaire nët um D-Star Netz hängt. Mir kucken awer fir esou schnell wei méiglech eng nei Link Streck op den Ronnebësch ze kréien.
    D' Couverture vun Blaaschent aus ass nët schlecht, allerdéngs sinn duerch den Ausfall vun Dippech grouss Deeler am Süden vun eisem Land nët méi an D-Star ofgedeckt.

    Den DVC sicht och hei no enger Léisung.Weider Biller vum Mast fannd dir hei.

  • LX0DRD, neien TRX

    Lëtzebuergesch Den 29.03.2015 huet den DVC Group den TRX vum LX0DRDzu Dippech duerch en modifizéierten RS9042ersat.
    Éischt Tester hunn erginn, dass sech d’ Sensibilitéit nach eng Kéier wesentlech verbessert huet. De Relais ass elo quasi iwwerall do wou en gehéiert gëtt och ze schaffen.

    Den Rollengergronn, Eescher Platz an Beggen bis op Luerenzweiler sinn och komplett couvréiert.

    Duerch dësen Échange hunn mir bei eisen dräi D-Star Relaisen ëmmer dat selwecht Équipement wat den Entretient wesentlech vereinfacht.

    Mir géifen eis iwwert ären Feedback freeën.