RL Grillfest

  • RL Grillfest 2014

    Lëtzebuergesch Den 29.05.2014 hat den RL op séin grousst Grillfest invitéiert.

    Em déi 30 Leit haten den Wee op Eesebur fonnt fir zesummen ze grillen.

    D’ Wieder hat matgespillt, sou dass et en groussen Erfolleg wor, wat motivéiert fir dat Grillfest d’ nächst Joer ze widderhuelen. Wei een op den Fotoen gesäit wor fir jiddereen eppes derbäi, egal op grouss oder kleng.

    Nom iessen hunn sech vill Leit an den Schack zréck gezunn wou den LX1IQ eng D-Star Demonstratioun gemaach huet.
    Hien huet den vollen Funktiounsëmfang vum LX0DRJ erkläert.
    En ganzen Koup OM ‘en haten och hiert eegent D-Star Gerät derbäi an hunn äifreg Froen gestallt.

    Weider Fotoen vun dësem Event fannt dir hei:
    http://www.rl.lu/qrz/media/photos/lx1om/album?albumid=80

  • RL Grillfest 2015

    RL Grillfest 2015

    Lëtzebuergesch Och dest Joer hat den RL nees op séin grousst Grillfest invitéiert.

    Tëschent  30 an 40 Leit haten den Wee op Eesebur fonnt fir zesummen ze grillen. Also eng Hand voll méi wéi d' lescht Joer.

    D’ Wieder hat och matgespillt, sou dass et en groussen Erfolleg wor.

    Dass souvill Leit do woren beweist, dass et den Leit d' lescht Joer gefall huet an motivéiert fir dat Grillfest d’ nächst Joer ze widderhuelen.

    Wéi een op den Fotoen gesäit wor fir jiddereen eppes derbäi, egal op grouss oder kleng.

    Nom Iessen hunn sech vill Leit an den Schack zréck gezunn wou den LX1IQ eng D-Star Demonstratioun gemaach huet. En ganzen Koup OM’en haten och hiert eegent D-Star Gerät derbäi an hunn äifreg Froen gestallt. Si woren begeeschtert dass den RL elo schonn 3 D-Star Relaisen huet an waarden gespaant op den 4 Relais um Ronnebësch.

    Weider Fotoen vun dësem Event fannt dir hei: Album 1 - Album 2

  • RL Grillfest 2016

    RL Grillfest 2016

    Lëtzebuergesch D'RL Grillfest vum 5. Mee 2016 wor nees ee vollen Erfolleg. Wéi een op de Fotoen erkennt wor nët nëmmen d'Wieder mee och d'Stëmmung exzellent. De positiven Feedback motivéiert fir dat Fest och erëm 2017 ze widderhuelen.

    Français Comme on peut le constater sur les photos, le barbecue du RL a été un grand succès non seulement à cause du temps splendide mais surtout grâce à l'ambiance superbe qui régnait. 

    Deutsch Wie man auf den Fotos erkennen kann war das RL Grillfest 2016 wieder ein voller Erfolg und zwar nicht nur wegen des wunderbaren Wetters, sondern vor allem wegen der tollen Stimmung unserer Mitglieder. 

    Album LX1HD    -    Album LX1OM    -    Album LX1RFJ

  • RL Grillfest 2018

    RL Grillfest 2018

    Lëtzebuergesch D'RL Grillfest vum 10. Mee 2018 wor nees ee vollen Erfolleg an d'Stëmmung war top wéi een op de Fotoen erkenne kann.

    Français Le barbecue traditionnel du RL au Bridel était de nouveau couronné d'un grand succès et il régnait une ambiance formidable.

    Deutsch Wie man auf den stimmungsvollen Fotos erkennen kann war das RL Grillfest 2018 wieder ein voller Erfolg.

  • RL Grillfest 2019 Invitatioun