SaarLorLux

  • 45 Jahre SaarLorLux-Freundschaftstreffen

    Deutsch Es ist kaum zu glauben, dass es schon 45 Jahre her ist, als eine kleine Gruppe Amateurfunker aus dem Saarland sich auf den Weg nach Bech bei Junglinster gemacht hat, um sich mit Freunden aus Luxemburg  zu treffen. Die ersten Kontakte zwischen luxemburger und saarländischen Amateurfunkern  wurden auf Kurzwelle geknüpft.
    Danach traf man sich abwechselnd mal im Saarland (Friedrichsthal-Bildstock) oder in  Bech, Mensdorf, Schifflange, Hosingen, Weicherdange und zuletzt in Eisenborn. Ab und zu gab es auch Treffen in Saargemünd auf dem Fieldday-Gelände in Richtung Bitche.

    Lange Jahre hatte es mit den Treffen gut funktioniert, doch irgendwann hatte sich "der Schlendrian" eingeschlichen. Doch mit Hilfe von Jacquot Junk, LX1JX, Josy Kirsch (Senior), LX1DK sowie Armand Erpelding, LX1MA, wurden die Freundschaftstreffen wieder neu belebt.

  • LX8SAR: SAARLORLUX-Frëndschaftstreffen 2016

    D’SaarLorLux Treffen vu Freides den 17. bis Sonndes den 19. Juni zu Weicherdang am SNJ-Jugendzentrum wor e groussen Erfolleg.

    Et ass schonns e Freideg de Moien lass gaangen mat Antennen opriichten. Am fréie Mëtteg wor alles prett an d’Ruffzeechen LX8SAR ass op allen Kurzwellebänner an op UKW (6m - 70cm) zum Asaz komm. Nët manner wéi 5 Statiounen woren mateneen on Air a Phonie, CW a PSK. Samschdes moies wor e flotten Tour mam Solarboot um Stauséi organiséiert ginn, wou mer eisen auslänneschen Gäscht aus DL, F an PA eist flott Éislek konnten weisen.

    Samschdes Mëttes konnte mer niewent villen aneren Visiteuren och den DARC-Distriksvorsitzender vum Saarland, den Eugen Düpre DK8VR begréissen. Samschdes owes wor e grousst Hamfest, wou de Schwenkgrill bal ze kleng wor fir di vill Gäscht ze bekestigen. Duerno huet den Heinz Nauerz DK4XC eis eng flott  Presentatioun gemaach iwwert d’Frëndschaftstreffen, déi säit 1969 vum OV Sulzbach-Fischbachtal Q08  mam RL organiséiert ginn.

    Sonndesmoies wor LX8SAR nach bis an d’Mëttesstonn QRV, ir dunn eng Antenn no der anerer erëm ofmontéiert goufen an d’Leit sech erëm op den Heemwee gemaach hunn.

    (Rapport: LX1JX)

    Album LX1CU

  • SAARLORLUX Amateurfunktag - Happy Birthday Q08

    Lëtzebuergesch De 15. November 2015 hunn eis Amateurfunkfrënn vum OV-Sulzbach-Fischbachtal Q08 een SAARLORLUX Amateurfunkdag matt Floumaart zu Quierschied organiséiert. Den RL wor mat engem Stand duerch de Jean-Claude LX1CU, d’ Claudine LX1CX, de Jeng LX1JM matt senger XYL Henriette, de Jacquot LX1JX mat senger XYL Andrée an dem Armand LX1MA vertrueden.

    Owes bei der Gebuertsdagsfeier huet den RL dunn dem OV-Sulzbach-Fischbachtal fir seng 50 Joer Bestoen gratuléiert.

    Happy Birthday!

    Photo Album

  • SaarLorLux LX8SAR

    D’SaarLorLux Treffen ass dëst Joer vu Freides dem 17. bis Sonndes dem 19. Juni zu Weicherdang am Jugendzentrum. Eis Membere si wëllkomm fir do ee flotte Weekend mat de Kollegen aus der Groussregioun ze verbréngen, oder si dohi besichen ze goen. Et wäert natierlech eng Statioun opgeriicht ginn, fir QSOen op deene verschiddene Bänner ze maachen. Falls dir och am Jugendzentrum wëllt schlofen, kennt der iech beim Heinz DK4XC () mellen.

    Méi Informatioune fannt dir och op der Homepage vum OV Q08 www.darc.de/distrikte/q/08/ .

  • SaarLorLux-Treffen 2018 LX8SAR

    Wéi schonn am Bulletin ugekënnegt ass d’SaarLorLux Treffen dëst Joer vu Freides dem 15. bis Sonndes dem 17. Juni zu Weicherdang am SNJ Jugendzentrum.
    Dir sidd wëllkomm fir do ee flotte Weekend mat de Kollegen aus der Groussregioun ze verbréngen, oder si dohi besichen ze goen. Et wäert natierlech eng Statioun opgeriicht ginn, fir QSOen op deene verschiddene Bänner ze maachen.
    Folgende Programm ass fir déi 3 Deeg zu Lëtzebuerg geplangt:

  • SaarLorLux-Treffen LX8SAR

    Wéi schonn am Bulletin ugekënnegt ass d’SaarLorLux Treffen dëst Joer vu Freides dem 16. bis Sonndes dem 18. Juni zu Weicherdang am SNJ Jugendzentrum. Dir sidd wëllkomm fir do ee flotte Weekend mat de Kollegen aus der Groussregioun ze verbréngen, oder si dohi besichen ze goen. Et wäert natierlech eng Statioun opgeriicht ginn, fir QSOen op deene verschiddene Bänner ze maachen. Folgende Programm ass fir déi 3 Deeg zu Lëtzebuerg geplangt:

    • Freides, 16. Juni, Arrivée a Begréissung sou wéi Funkbetrib mam Sonderruffzeechen "LX8SAR".
    • Samschdes, 17. Juni, um 10 Auer Visite vun engem Musée zu Dikkrich.
    • Um 19 Auer Hamfest am Jugendzentrum vu Weicherdang.
    • Sonndes, 18. Juni ass ee gemeinsamt Mëttegiessen
    • Dono géint 15 Auer wäerten d’Leit sech dann op den Heemwee maachen.

    Falls dir och am Jugendzentrum wëllt schlofen, kennt der iech beim Heinz DK4XC () mellen.