Willkommen, Gast
Benutzername: Passwort: Angemeldet bleiben:
  • Seite:
  • 1

THEMA:

Demande d'autorisation "Etablissements classés" od 11 Apr 2014 10:47 #40

Ech wollt mol hei dran schreiwen wei daat lo bei mir am gaangen as mat der "Demande d'autorisation établissements classés", deen sougenannten Commodo / Incommodo.

Ech hun meng eischt Demande gemeet am Joer 2000, no den "Mesures transitoires" wei d'Gesetz fun 1999 erauskomm as.
Daat as noom Formulaire fir Amateurfunker gelaaf an huet och geklappt.

Am Joer 2014 as daat net mei sou einfach, well d'Gesetz huet schon 2mol geännert wou et fir eis Amateurfunker eng Roll spillt.

Daat eischt as d'Nomenclature fun den Etablissementer: Dës Modif as awer POSITIF fir eis Funker!
Dei 2. Modif as mei grondsaetzlech an fuedert lo mei Detailer dei an der Demande mussen dobai laien.


Ech sin am gaang alles ze prepareieren an sin am Kontakt mam Ministère.

Ech beschreiwen mei speit wei een Gesetz muss befollegt gin an waat een alles maan soll. Am Moment as nemmen wichteg dass den Formulaire um Site fum RL net mei kann 1:1 benotzt gin.

Wann also een eng Demande well maachen, hun mir besser dass mir doriwwer schwetzen, soss kommen beim Ministère verschidden Demanden un, woufunn dann mindestens 1 net accordeiert gett. Am beschten mir kucken fir en neien Formulaire ze maan.

Mellen mech wann ech rem bessen Zait hun mat weideren News.
_________________
73' Christian
Electrical Engineer

HAREC A 1999
  • Christian LX1FC
  • Christian LX1FCs Avatar Autor
  • Offline
  • Junior Boarder
  • Junior Boarder
  • Beiträge: 15
  • Dank erhalten: 0

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Demande d'autorisation "Etablissements classés" od 11 Apr 2014 10:48 #41

Reply by LX2GT:

Gudde Moien,

Weini ass daat dann geännert ginn? Wou ech um neien QTH eng gemeet hun (demande am October 2011 eran gereecht...), war guer keen Problem. Haat allterdengs iwert en halleft Joer gedauert, bis ech vun der ITM eng äntwert krut.

Luc
  • Christian LX1FC
  • Christian LX1FCs Avatar Autor
  • Offline
  • Junior Boarder
  • Junior Boarder
  • Beiträge: 15
  • Dank erhalten: 0

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Demande d'autorisation "Etablissements classés" od 11 Apr 2014 10:48 #42

Moien nach eng Keier,

Fir schon mol op dei 1. Froo ze aentweren fum Luc:

D'Gesetz as geännert gin an 2 Etappen waat d'Amateuren betrefft.
D'Original Gesetz as fum 10 Juni 1999 an huet den Nummer A 100.

Dono betreffen eis dei Aennerungen fum 13. September 2011 (Nummer A 220), hei gin lo mei Dokumenter als Annexe gefroot. Dest as fir d'Amateuren eischter negativ.

Als naescht Aennerung as dei fum 10 Mee 2012, betreffend d'Nomenclature fum Etablissement, mat der Nummer A 105. Des Aennerung as positiv, well net mei den PIRE gekuckt gett fir d'Classe ze entscheeden, mee nemmen nach d'Leeschtung um AGANG fum ANTENNEN-SYSTEM. Daat bedeit dass mir lo emmer an d'Classe 3 faalen (100W - 2500W um Antennangang). Lo kann een sech nach iwwerleen wei een den Antennangang defineiert (firum Tuner oder noom Tuner, etc) mee daat dierft d'Classe net aenneren.

73'

Ech haalen iech um Laafenden.

Bei menger Demande haenken ech elo bei enger Annexe, dei den PAG fun der Gemeng betrefft. Hei brauch een den PAG (schrëftlech an Pläng) dass daat Etablissement suivant en Gesetz fum 19 Juli 2004 do op der Plaatz OK as (que l’établissement projeté est situé dans une zone prévue à ces
fins en conformité avec la loi modifiée du 19 juillet 2004). ODER en Certificat fum Buergermeeschter dass daat suivant Gestz fun 2004 OK as. Mat beidem schéngt et den Moment ze haenken, well eng Amateurstatioun as net oft firgesin am PAG, nach wellt den Buergermeeschter dest elo zertifizeieren...

D'Baugenehmegung fir evt Antennen gin hei net duer, well et geet em d'Statioun. Ech muss daat der Gemeng nach matdeelen, dei steieren sech jo mei un der Antenn selwer (dei awer trotzdem geneemegt as.)

Christian, 1FC
_________________
73' Christian
Electrical Engineer

HAREC A 1999
  • Christian LX1FC
  • Christian LX1FCs Avatar Autor
  • Offline
  • Junior Boarder
  • Junior Boarder
  • Beiträge: 15
  • Dank erhalten: 0

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Demande d'autorisation "Etablissements classés" od 11 Apr 2014 10:49 #43

Nach als Info dobai: Meng 1. Demande fum Joer 2000, suivant mesures transitoires huet och fum Januar 2000 bis September 2000 gebraucht.

Ech sin och fir dei nei Demande schon mam Ministère an Kontakt. Ech kann do op inoffiziellem Wee nofrooen op meng Demande sou ungeholl gett.

Noom 1. Duerchkucken war dun awer schon d'Meldung dass eben dei Annexe feelt ( plus ech muss eng Fotodokumentatioun maan fun der Emgéigend).

Hei warden ech also lo op d'Gemeng, an maan dann och nach dei Fotodok.

Bei News héiert dir fun mir.

73' Christian
_________________
73' Christian
Electrical Engineer

HAREC A 1999
  • Christian LX1FC
  • Christian LX1FCs Avatar Autor
  • Offline
  • Junior Boarder
  • Junior Boarder
  • Beiträge: 15
  • Dank erhalten: 0

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Demande d'autorisation "Etablissements classés" od 11 Apr 2014 10:49 #44

Reply by LX2GT:

Brengt daat dooten dann och elo mat sech, dass een un sech dei Prozedur do guer net mei brauch, wann een nemmen en 100Watt TRX huet, egal wei eng Antenn een un em ungeschloss huet?

Merci, Luc
  • Christian LX1FC
  • Christian LX1FCs Avatar Autor
  • Offline
  • Junior Boarder
  • Junior Boarder
  • Beiträge: 15
  • Dank erhalten: 0

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Demande d'autorisation "Etablissements classés" od 11 Apr 2014 10:53 #45

Moien alleguer,

Majo Luc, genau sou as et. Daat heescht dei Aennerung dass mir nemmen nach an d'Classe 3 faalen wann den Input "um Antennensystem" mei wei 100W sin (an manner wei 2500W), as fir eis Amateuren natirlech en Firdeel.

Een Sender mat 100W as d'office OK. Keng Demande neideg.
Een Sender mat 200W an 3dB Perte um Kabel as deemno och ok, wann deng Antennenanlaag beim Stecker fun der Antenn unfaenkt.
Ziels du den Tuner mat 3dB Perte nach dobai, deen am Shack steet oder baussen firun der Antenn monteiert as, kanns du evt dei och nach "oofsetzen".

73' Christian
  • Christian LX1FC
  • Christian LX1FCs Avatar Autor
  • Offline
  • Junior Boarder
  • Junior Boarder
  • Beiträge: 15
  • Dank erhalten: 0

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Demande d'autorisation "Etablissements classés" od 19 Mai 2014 13:40 #59

Update:

Den Certificat fun der Gemeng as do.
Lo nach Fotodokumentatioun maachen an anschécken.

Bis geschwenn

73' Christian :woohoo:
  • Christian LX1FC
  • Christian LX1FCs Avatar Autor
  • Offline
  • Junior Boarder
  • Junior Boarder
  • Beiträge: 15
  • Dank erhalten: 0

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

  • Seite:
  • 1