Willkommen, Gast
Benutzername: Passwort: Angemeldet bleiben:
  • Seite:
  • 1

THEMA:

JOTA-JOTI 2015 / Informatiounsversammlung 18 Jun 2015 20:51 #126

Léif XYLs, YLs an OMs,

all Joer fënnt den Jota-Joti (Jamboree On The Air an Jamboree On The Internet) statt. Dëst ass en Weekend wou Guiden a Scouten aus der ganzer Welt iwwert Funk an Internet mateneen kommunizéieren.

Mir, wëllen dech an jiddereen deen interesseiert ass häerzlech op eng Informatiounsversammlung iwwert des Aktivitéit invitéieren.

Niewent deenen Froen wei: "Waat brauch ech vun Material?, Wou fannen ech en Amateurfunker (fir Scoutsgruppen)?, Wou fannen ech e Scoutsgrupp (fir Amateurfunker)?, Wéi leeft esou e Weekend of?, Muss een do vill präparéieren?, …", gi mir awer och Neierungen zum nationale JOTA-JOTI Weekend bekannt wou mer probéiere wëllen all Joer eng bestëmmte Kommunikatiounsform ze förderen. Wéi eng et dëst Joer ass kritt der hei mat enger Demo erkläert.

Dess Informatiounsversammlung ass den 4. Juli 2015 um 18:00 Auer an der FNEL Verbandszentral (61A, rue de Trèves, an der Stad).

Lénks Patt, 73, a bis geschwënn,
d'Team vun dem "Scouting in Luxembourg" Aarbechtsgrupp Alexander Graham Bell (aalt JOTA-JOTI Team).
  • Gilles LX3GR
  • Gilles LX3GRs Avatar Autor
  • Offline
  • Fresh Boarder
  • Fresh Boarder
  • Beiträge: 1
  • Dank erhalten: 0

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

  • Seite:
  • 1