Willkommen, Gast
Benutzername: Passwort: Angemeldet bleiben:
  • Seite:
  • 1

THEMA:

CCS7: Wat dann elo? Babystar nees spezifesch? 01 Nov 2015 23:27 #165

Wat jo beim DSTAR flott ass, ass de Callsign Routing iwwer CCS. Kennen ech engem seng CCS ID da kann ech vun egal wou op der Welt déi Statioun connectéieren wou och ëmmer déi sech ophält.

Beim aalen CCS4 wor d’Connectioun fir eng Statioun (z.B. LX1OM=2048) folgendermoossen ze maachen:

Iwwer DTMF einfach “2048” iwwerdroen oder “CCS2048” an den YourCall (UR) ginn.

Fir een disconnect huet een just mat DTMF “A” oder als UR “CCSA” ” bräichen anzeginn ... ausser beim BabyStar wou een huet missen “_______X” am UR aginn. Esou dass ech ëmmer béid a mengen Sender gespäichert hat.

Mat CCS7 huet sech esou Muenches missen änneren.

Um Internet kann ee liesen:

If you program old-fashioned memories that set UrCall, RPT1 and RPT2, then the commands for DPlus, DExtra and DCS are essentially the same (e.g UrCall=REF001CL, DCS006BL, XRF001AL). But to do CCS7 connections, the format is slightly different. The format is: URCall=Cxxxxxxx, where "xxxxxxx" is the desired CCS7 id corresponding to callsign.
Example: Connect to CCS7 id 3101234
DTMF "3101234" -or- URCall “C3101234”
Disconnect from CCS7 connection
DTMF “A” -or- UrCall “CA”

F4EGG connecte JG1XMV Arnaud à Tokyo au Japon depuis le Relais D-Star F1ZDF B de Briançon. Son ID-CCS7 est 4411007, comme c’est une station non française, il faut mettre les 7 chiffres de l’ID-CCS7, même s’il se trouve en France.

NAME JG1XMV
UR C4411007
MY F4EGG
RPT1 F1ZDF B
RPT2 F1ZDF G

F4EGG déconnecte JG1XMV Arnaud et le relais se reconnecte automatiquement sur le Réflecteur.
NAME CCS FIN
UR CA
MY F4EGG
RPT1 F1ZDF B
RPT2 F1ZDF


Ech hunn elo mol Tester gemaach fir eng Statioun direkt mat CCS7 iwwert mäin Babstar Hotspot ze connectéieren. Ech hunn mam LX1TO “2701018” probéiert.

Iwwer DTMF klappt et normal. Connect mat “2701018” and disconnect mat DTMF “A”.

Iwwer UR ass et ganz anescht. Connect mat UR “2701018” an disconnect mat “_______X”





Fir den disconnect ass et mir zimlech egal awer de connect ass problematesch. Wëll een iwwert een nët ON8JL Relais oder Hoptspot fueren da muss een sech all seng YourCall’en verduebelen. Also eng Kéier mat engem “C” and eng Kéier ouni.

Hoffentlech gëtt den CCS Handling och geschwënn standardiséiert. Wier jo Schued wann all Produzent vu Relais’en an Hospot’en seng eegen Zopp kacht.


73, Marc
Anhänge:
  • Marc LX1OM
  • Marc LX1OMs Avatar Autor
  • Offline
  • Moderator
  • Moderator
  • Beiträge: 53
  • Dank erhalten: 26

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

CCS7: Wat dann elo? Babystar nees spezifesch? 06 Nov 2015 18:30 #166

Salut Marc,

Dat geet och vill mei einfach.
Wann's du en ID 51 hues mescht et iwert DTMF nët vill Sënn wells du jo keen DTMF Mikro hues.
Do ass dann den einfachsten Wee am UR den Callsign ze notzen.

Also zb. UR:LX1TO (Ouni space oder soss eppes)
Disconnect geet iwert "A" als DTMF.

Wanns de en DTMF Mikro hues sou wei beim ID 5100, dann einfach Mikro drecken an op der Tastatur 2701018 drecken.
Disconnect geet nees mat 'A' deskeier eben um Mikro.

D' CCS7 ID am UR ze speicheren geet zwar och, mee huet den Nodeel dass een nom connect muss zreck op cqcqcq schalten.
Vergess de dat nämlech, dann schecks du allkeiers den DTMF wanns de den Mikro drecks.

Also einfach deng Kolegen am UR mat hierem Ruffzechen oofspäicheren an ferdeg.

73, Luc
Folgende Benutzer bedankten sich: Marc LX1OM
  • Luc LX1IQ
  • Luc LX1IQs Avatar
  • Offline
  • Committee
  • Committee
  • Beiträge: 40
  • Dank erhalten: 16

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

CCS7: Wat dann elo? Babystar nees spezifesch? 06 Nov 2015 23:32 #167

Merci Luc,

Dat ass an der Tat méi einfach wéi den CCS anzetippen, B)

Ech hunn elo mol folgendes iwwert mäin Babystar Hotspot programméiert:



TEST 1::

LX1IQ ass iwwer Hotspot erreechbar.
  1. Reflector unlinked. Mäi Babystar hängt u kengem Reflector.
  2. Bei UR: LX1IQ ausgewielt and d'PTT Tast gedréckt.
  3. Babystar mellt: CCS Call Active. OK :)
  4. Mat DTMF "A" geschéckt..
  5. Babystar mellt: CCS Call Terminated. OK :)

TEST 2::

LX1KQ ass iwwer LX0DRV erreechbar.
  1. Reflector unlinked. Mäi Babystar hängt u kengem Reflector.
  2. Bei UR: LX1KQ ausgewielt and d'PTT Tast gedréckt.
  3. Babystar mellt: CCS Call Rejected. Not OK :(
  4. Idem mat DTMF 2701062

Kann et sinn dass eis Relais'en nach keen CCS Routing ënnerstëtzen oder maachen ech eppes falsch?

Merci an 73, Marc
Anhänge:
  • Marc LX1OM
  • Marc LX1OMs Avatar Autor
  • Offline
  • Moderator
  • Moderator
  • Beiträge: 53
  • Dank erhalten: 26

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

CCS7: Wat dann elo? Babystar nees spezifesch? 07 Nov 2015 08:30 #168

Salut Marc,

Den DRJ,DRD an DRV sinn schon ob CCS7 geupdated.
Den DRH probeieren ech esou seier wei meiglech ze machen, vieleicht sougur nach Haut, mol kucken.

Wann den CCS7 ob den 1KQ en "not ok" zreck ginn huet, dat kann zwee Grënn hunn.
Entweder wees d' CCS7 Datanbank nët ob wat fir engem Relais den Misch fir d' lescht drob wor, oder den CCS7 ass deen Moment wous du probeiert hues nët gang.
Sie wurschtelen jo nach ëmmer ob den Server an do sinn des öffteren nach Ausfäll.

Fir dass d' Datenbank wees wou een drun ass, ass et wichteg dass wann een den Relais wieselt ob dem neien Relais 1x CQCQCQ ze schecken..

73, Luc
  • Luc LX1IQ
  • Luc LX1IQs Avatar
  • Offline
  • Committee
  • Committee
  • Beiträge: 40
  • Dank erhalten: 16

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

  • Seite:
  • 1