Tjo, wat soll ech soen, nodeem epuer Deeg Rouh war, war de Problem rem do. Ech konnt eng vun den bekannten platzen fannen wou rem gepätscht huet. d Kofferfett war ukomm, mee wat soll ech soen, dat fonktioneiert net, d'Leitfähegkeet as net grouss genuch... Also hun ech mei Gleck mat ganz feinem Aluminumpolver probeiert, de Pudder as sou reng, dat en un alles pechen bleift an eng Schicht bild. Och dat huet den 8kV an dem spetzestroum wou do fleisst net standgehaal. Nodem ech och nach EMV-Leitlack op Grafitbasis vergeblech probeiert hat(huet de fonken zwar reduzeiert awer net fir lang)hun ech dun de Metteg eng Marche forcée em all dei Lännereien gemach wou un desem Viehüter hänken an hun sämtlech Platzen wou ech fond un wou et durchgeschloen huet mat 10kV Zang a Gummishänschen mat Kofferdroht emweckelt... Et deht nawell na lang net gudd wann een versehentlech awer emol eng getachtet kreit, no knapp 4h hat ech den Tour gemach an gefillten 1000 Plazen gefleckt (real werten et der 20-30) gewescht sin. Leider war de Problem dun awer na emmer net ewech

wat huet geännert? 2 Sachen, zum engen ass durch de Reen vun de leschten Deeg de Buedem mei naas, dat ennert secherlech eppes un den Erdstreim an zweetens ass d Vegetatioun gewuess an Gras am aner Sachen kommen op Dausende Plazen widder den Droht. net iwerall heiert een et Pätchen an ech konnt och net all Grashalm op der gesammter Distanz ewech man awer leider konnt ech keng Besserung errechen. Op 80m hun ech bis zu S9+20 an um IC bletzt Overload. op 40 as manner. Wann een mat S9+ era kennt, steiert d Knacken net zevill, mee schwach Signaler sin onmeiglech, well jo och AGC etc duercherneen kennt. Am Gespreich huet de Bauer sech verroden, de Problem as em bekannt gewescht och wann en dat net richteg zouordnen konnt. Seng Fra muss Lang an/oder Kuerzwell gelauschtert hun(se kennt aus Südamerika) a wann de Radio an der Kichen geknackt huet, dann ass d'Fra den Droht flecken gang huet en mer haut verzielt... lo krut se awer eng nei Induktiouns-Kachmaschin, mat Der brummt de Radio dermossen, dat se et opgin huet dei Sender ze lauschteren, a seitdem get den Droht och just nach gefleckt wann neischt mei geht. Och mat Engelszongen as En awer na emmer net ze iwerrieden dei Installatioun ze segmenteiren an dei Deeler aus zelossen wou kee Feih dran ass. Sein Argument: soulang Stroum drop ass kritt en den Droht vill manner futti gemach... sou gesin as dei Sach zimmlech hopeless. Ausser ech fannen nach eng Methode mat enger Spull de Stroumustieg ze verzögeren an esou d Steirung ze redzeiren, awer ech hun nach emmer keen mat Erfahrung an sou Sachen fond....