D’Joer 2022 geet gläich op en Enn an 2023 steet virun der Dier.
Den LX1JH organiséiert an Zesummenaarbecht mam RL eng Happy New Year QSO Party mat dem Sonderrufzeechen LX4HNY. Dat Ganzt geet vum 19.12.2022 bis den 08.01.2023.
All RL Member kann LX4HNY vun senger Statioun zu Lëtzebuerg aus aktivéieren. Wie bei der QSO Party matmaache well, mellt sech mat engem Mail beim LX1JH Jean-Marie () un.
E Logbuch ass am ADIF Format ze féieren an un den LX1JH ze schécken.