Den RL Comité huet di traureg Flicht den Doud vun eisem laangjärege Member an Éierepresident Joseph Kirsch, LX1DK, matzedeelen. Hien ass den 3. Januar 2022 am alter vun 95 Joer verstuerwen.
Zënter der Grënnung vum RL am Joer 1937 war de “Jéis” eise fënnefte President, an zwar vun 1988 bis 2001.
Mir wäerten hien a gudder Erënnerung behalen an drécke senger Famille eist déifste Matgefill aus.
Den RL Comité