Salut Alain
Ech begréissen et, dass du de Comité mol schonn direkt per Mail ugeschwat hues an net eleng iwwert de Forum. Och wann ech net verstinn dass een, wou seng Adress onbedéngt geheim gehalen hätt, awer dann esou vill ëffentlech Optrëtter mécht. Mee dat ass eng aner Geschicht, do mécht jiddereen wéi hie wëll.
Zu denge Reprochen, wann ech gelift, vergiess alles wat jeemools an der Vergaangenheet zum Fonctionnement vum QSL-Büro decidéiert a geschriwwe gouf. Eenzeg an eleng gülteg ass deen entspriechenden Text an der leschter Newsletter.
Anerersäits verstinn ech däi Problem net fir sech unzemellen, wann’s de deng Kaarten op Peppeng wëlls siche kommen. Et ass leider tatsächlech esou, dass zënter dem Ausbroch vu Corona ëmmer nëmmen ëm déi fënnef Leit hier Presenz zu Peppeng gewisen hunn, an hier Kaarten ewech geholl hunn. Och wann’s du eng Cotisatioun an eisem Veräin bezils, kanns du awer net verlaangen dass een onnëtz Aarbecht mécht a kiloweis Kaarten hin an hier féiert. Et gëtt nach ëmmer dat einfacht Prinzip, dass deem engen seng Fräiheet do ophält wou deem aneren seng ugeet.
Dech hunn ech op jiddefalls scho laang net méi zu Peppeng gesinn. An am Prinzip misst du jo awer och am Viraus wëssen, ob’s de iwwerhaapt gewëllt bass dohin ze kommen, an dann dierft et engem, deen jo esou vill schreift, net schwéier falen, sech mol unzemellen fir seng Kaarten sichen ze kommen. A wann dann eng Kéier eppes dertëscht kënnt, an du deng Kaarten dann awer net siche kënns, ass dat och nach OK.
U sech ass dat kee Broch mat Traditiounen, mee éischter Respekt vis-a-vis vun deene Leit déi fräiwëlleg eng Aarbecht maachen, wa mir hinnen dann och mol d’Liewen erliichteren.
Ech brauch dir jo net ze soen, wat dat fir Leit sinn déi just ëmmer nëmmen vun allem profitéiere wëllen ouni selwer eppes ze leeschten.
An anerersäits kanns du och op Peppeng kommen ouni dech unzemellen, spontan also, esou wéi’s de dat geschriwwen hues, fir mat Kolleegen e Patt ze huelen. Just dann sinn eben keng Kaarte fir dech do.
Et schwätzt och keen a näischt dergéint, dass een, deen mat eppes net zefridden ass, d’Saach an d’Hand hellt an et besser mécht. Haass du schonn eng Kéier eppes fir den RL gemeet ausser de Forum um Liewen ze halen?
Wat Eesebuer ugeet kann ech mech net erënneren dech do schonns oft begéint ze hunn. Ech ka just soen, dass dat ëmmer ganz flott Owender sinn, an ech mech ëmmer freeën do vill Kolleegen ze begéinen. Vill méi wéi zu Peppeng.
A fir dann d’Verdeelung vun de Kaarten zu Eesebuer ofzeschafen, ass dat net e bëssen egoistesch vis-s-vis vun deene Leit aus dem Éislek. Och déi si frou net esou wäit fueren ze mussen. Deen eenzegen Ënnerscheed zu Peppeng ass, dass Eesebuer eist Clublokal ass, do steet all eist Material, do leien souwisou al d’QSL-Kaarten, do muss keen se hin an hier schleefen.
Zum Thema vun alle geschriwwenen a verëffentlechen Bulletin’en, ass et eng riseg Fuerderung vun denger Säit, fir all d’Bulletin’en mat denger Adress ze editéieren an ze änneren. Déi Zäit ass jo awer besser investéiert an nëtzlech Aarbechten, vun deenen der jo leider e ganze Koup ustinn. Mee bei deene Saachen schéngs du jo keen Interesse ze hunn.
An der Hoffnung dann elo endlech alles kloer gestallt ze hunn, an dëst am Averständnes vum ganze Comité, mat beschte Gréiss
Neckel
PS Dësen Text schreiwen ech nëmmen fir déi Frëndschaft tëschent eis zwee, déi virun 60 Joer zu Diddeleng an der Sandkaul hannert der Spillschoul ugefaang huet, um Liewen ze halen.