Youngsters On The Air - LX4YOTA
Vum 1. bis den 31. Dezember ass de YOTA Mount. LX ass mat LX4YOTA vertrueden.
Vum 1. bis den 31. Dezember ass de YOTA Mount. LX ass mat LX4YOTA vertrueden.
- 0 participants
- Créé par Marc LX1OM
- Plus
-
Am Kader vum Youngsters on the air Working Group vun der IARU Region 1 ass vum 1. bis den 31. Dezember de YOTA Month. An deem Mount sollen international speziell Jugend-Statioune QRV ginn, fir d’Äiss e bëssen ze briechen, dass jonk Leit rëm méi de Mikro an de Grapp huelen. Lëtzebuerg wäert mam Ruffzeechen LX4YOTA matmaachen. Jonk Memberen déi och dat Ruffzeeche wëllen während engem oder e puer Deeg aktivéieren, kenne sech beim Youth-Koordinator Ralph LX1RS () a beim President Mich LX1KQ () mellen.
Méi Informatiounen iwwer déi aner Statiounen déi matmaachen an d’Konditioune fir den Diplom ze kréien fannt dir ënner http://www.ham-yota.com/
-
Catégorie
Meetings and other -
Date et heure
Déc 01 2014 à 00:00 - Déc 31 2014 à 00:00 -
Emplacement et adresse complète
Luxembourg -
Administrateurs de l'événement
Marc LX1OM