Den 18. Abrëll 2021 ass nees den “World Amateur Radio Day” fir der Grënnung vun der IARU den 18. Abrëll 1925 ze gedenken. Ënnert den 23 Natiounen déi vertrueden waren, war och Lëtzebuerg dobäi mam LX1AS (Dr. Auguste Schumacher), LX1JW (Jean Wolff) an LX1AF (Jean de la Fontaine).
Dëst Joer ass Lëtzebuerg och erëm mam Ruffzeechen LX5WARD tëschent dem 5. an 25. Abrëll 2021 aktiv.
All RL Member ass heimat invitéiert dat Sonderrufzeechen ze schaffen oder selwer domat aktiv ze ginn. Einfach beim Manager LX1JH Jean-Marie nofroen andeems dir eng Email un maacht.
Weider Info zum WARD fannt dir um Site vun der IARU, op qrz.com vun LX5WARD an op Twitter #WorldAmateurRadioDay

D’ Lëtzebuerger Funkamateuren “Radioamateurs du Luxembourg” (RL), si frou iech matzedeelen dass si hiren neien Domain-Numm "rl.lu" kritt hunn. Deen ass ab elo direkt aktiv an alles vun “rlx.lu” gëtt automatesch op “rl.lu” weidergeleet.
Les Radioamateurs du Luxembourg (RL) ont le grand plaisir de vous annoncer qu’ils ont pu obtenir leur nouveau nom de domaine « rl.lu ». Dès à présent toute requête vers « rlx.lu » sera automatiquement redirigée vers « rl.lu ».