D’SaarLorLux Treffen vu Freides den 17. bis Sonndes den 19. Juni zu Weicherdang am SNJ-Jugendzentrum wor e groussen Erfolleg.

Et ass schonns e Freideg de Moien lass gaangen mat Antennen opriichten. Am fréie Mëtteg wor alles prett an d’Ruffzeechen LX8SAR ass op allen Kurzwellebänner an op UKW (6m - 70cm) zum Asaz komm. Nët manner wéi 5 Statiounen woren mateneen on Air a Phonie, CW a PSK. Samschdes moies wor e flotten Tour mam Solarboot um Stauséi organiséiert ginn, wou mer eisen auslänneschen Gäscht aus DL, F an PA eist flott Éislek konnten weisen.

Samschdes Mëttes konnte mer niewent villen aneren Visiteuren och den DARC-Distriksvorsitzender vum Saarland, den Eugen Düpre DK8VR begréissen. Samschdes owes wor e grousst Hamfest, wou de Schwenkgrill bal ze kleng wor fir di vill Gäscht ze bekestigen. Duerno huet den Heinz Nauerz DK4XC eis eng flott  Presentatioun gemaach iwwert d’Frëndschaftstreffen, déi säit 1969 vum OV Sulzbach-Fischbachtal Q08  mam RL organiséiert ginn.

Sonndesmoies wor LX8SAR nach bis an d’Mëttesstonn QRV, ir dunn eng Antenn no der anerer erëm ofmontéiert goufen an d’Leit sech erëm op den Heemwee gemaach hunn.

(Rapport: LX1JX)

Album LX1CU