Fonctionnement vum QSL Service vum RL
- Den Incoming Service ass fir all RL-Member fir alleguer seng perséinlech Ruffzeechen gratis (egal op LX-Call oder net LX).
- Den Outgoing Service ass fir all Member mat sengem Haaptruffzeeche, mat deem en als Member am RL ageschriwwen ass, gratis. Fir all zousätzlecht perséinlecht Ruffzeechen wou e well QSL-Kaarte fortschécken bezuelt en eng hallef Cotisatioun.
- Den Incoming Service fir lizenséiert Funkamateuren déi net Member sinn gëtt baséiert op d’Recommandatioun vun der IARU Resolutioun 85-9 fir de Service och käschtendeckend fir net-Memberen unzebidden: All lizenséierten net-Member kann zwee mol pro Joer beim RL QSL Büro ufroen fir seng Kaarten per Post op d’Adress vu senger Statioun geschéckt ze kréien. Et ass net méiglech fir se perséinlech bei de QSL Büro sichen ze goen. D’Käschten déi den net-Member pro Ufro fir seng Kaarten ze kréien verrechent kritt stelle sech aus de Käschte vun der Verpakung an dem Porto zesummen, an zousätzlech ginn 23.5% vun deem Montant als frais “administratifs, logisitques et de stockage” bäi gerechent als Participatioun un de globale Fonctionnementskäschten vum QSL Service.
- Et gëtt keen Outgoing Service fir net-Membere gemaach.
D'Memberen vum RL kënnen hir QSL Kaarten all Mount an der Versammlung zu Peppeng an um Club-Owend zu Esebuer ofginn an ofhuelen.
Sot w.e.g. kuerz Bescheed () wann dir är Kaarten gären siche kommt. Da brauche mir déi schwéier Këschten net all Kéiers ze schleefen. Merci!
Memberen déi méi Ruffzeechen, Spezial-Ruffzeechen benotzen oder QSL-Kaarten fir aaner Memberen an der Versammlung mat huelen, sollen dem QSL Manager dat mat engem eMail matdeelen (qsl@rl.lu). Et erliichert him d'Sortéieren enorm an d'Këscht gett och éischter eidel (et bleiwen keng sougenannten QSL-Karten-Leichen iwwreg). Wann een an der Vakanz och QSOen mat engem aaneren Ruffzeechen mecht, w.e.g. dat och matdeelen.
Procédure d’opération du service QSL du RL
- Le service QSL entrant (« Incoming ») est gratuit pour chaque membre du RL pour tous ses indicatifs d’appels personnels (pour indicatifs LX ou non-LX).
- Le service QSL sortant (« Outgoing ») est gratuit pour chaque membre pour son indicatif principal avec lequel il est inscrit auprès du RL. Pour chaque indicatif personnel supplémentaire avec lequel il veut envoyer des cartes QSL une demi-cotisation est redevable.
- Le service « Incoming » pour des radioamateurs en possession d’une licence qui ne sont cependant pas membre du RL sera basé sur la recommandation de la résolution 85-9 de l’IARU. Le service sera proposé de façon à couvrir les frais : chaque radioamateur non-membre peut demander deux fois par année auprès du bureau QSL du RL l’envoi par la poste de ses cartes QSL à l’adresse de sa station. Il n’est pas possible de retirer les cartes de façon personnelle auprès du bureau QSL. Les coûts seront facturés par requête à chaque radioamateur non-membre, et se composent des coûts de l’emballage et des frais de port, le tout majoré de 23.5% comme frais « administratifs, logistiques et de stockage » en vue d’une participation aux frais globaux du service QSL.
- Aucun service « Outgoing » ne sera exécuté pour des radioamateurs non-membres.
Les membres du RL peuvent remettre et collecter leurs cartes QSL lors des réunions mensuelles à Peppange et à la "soirée club" à Eisenborn.
Laissez-nous s.v.p. un petit message () losque vous voulez récupérer vos cartes QSL. Ceci nous évite de trasporter à chaque fois les caissons lourds. Merci!
Tous ceux qui ont plusieurs indicatifs ou indicatifs spéciaux ou qui emmènent des cartes QSL d'autres membres qui ne peuvent pas venir aux assemblées, peuvent envoyer un email au Manager QSL (qsl@rl.lu) pour le lui communiquer. Ceci rend le triage plus facile et évite également que les mêmes cartes doivent être déplacés pour chaque assemblée. Si vous utilisez un autre indicatif durant les vacances veuilliez le lui communiquer également.