LX5WARD - World Amateur Radio Day 2021

Lëtzebuergesch Den 18. Abrëll 2021 ass nees den “World Amateur Radio Day” fir der Grënnung vun der IARU den 18. Abrëll 1925 ze gedenken. Ënnert den 23 Natiounen déi vertrueden waren, war och Lëtzebuerg dobäi mam LX1AS (Dr. Auguste Schumacher), LX1JW (Jean Wolff) an LX1AF (Jean de la Fontaine).

Dëst Joer ass Lëtzebuerg och erëm mam Ruffzeechen LX5WARD tëschent dem 5. an 25. Abrëll 2021 aktiv.

All RL Member ass heimat invitéiert dat Sonderrufzeechen ze schaffen oder selwer domat aktiv ze ginn. Einfach beim Manager LX1JH Jean-Marie nofroen andeems dir eng Email un  maacht. 

Weider Info zum WARD fannt dir um Site vun der IARU, op qrz.com vun LX5WARD an op Twitter #WorldAmateurRadioDay

RL QST 2021-02

Themen vun der QST vum 26. an 28. Februar 2021:
 - Generalverammlung
 - Cotisatioun 2021
 - FIS Alpine World SKI Championships CORTINA 2021
 - 200 Years of Greek Independence Award
 - FT8 Working Group News: Luxembourg Station Award
 - World Amateur Radio Day
 - AMSAT
 - LX QSL Büro
 - Peanut
 - Hamradio 2021

Membersbeitrag - Cotisation - Membership fee 2021

Lëtzebuergesch Iwwerweist w.e.g. är Cotisatioun fir 2021 op den CCP vum RL a vergiesst nët äre Numm a Ruffzeechen mat unzeginn.

Français Merci de bien vouloir effectuer le virement de votre cotisation pour 2021 au CCP du RL sans oublier de mentionner votre nom et indicatif d'appel.

Deutsch Bitte überweisen Sie den Mitgliedbeitrag für 2021 auf das Postscheckkonto des RL und denken Sie ebenfalls daran Namen und Rufzeichen mit anzugeben.

English Please transfer your membership fee for 2021 and please don't forget to mention your name and callsign.


Villmols Merci - Vielen Dank - Many Thanks

 

  • 34 EUR for regular members
  • 8 EUR for family members living at the same address
  • 8 EUR for students
  • 17 EUR for special callsigns

Compte Chèque Postal (CCPLLULL) of the RL: LU11 1111 0321 8780 0000
(Exemple de communication pour virement: Cotisation 2021 - Jeannot Mustermann - LX4JM)

RL goes QO-100

Wéi wahrscheinlech deen Een oder Aneren schonn matkrut gouf den 14.02.2019 den éischten geo-stationären Satellit fir den Amateurfunk an Betrib geholl.

Weider Informatiounen kann een hei noliesen: Es’hail-2 / Qatar-OSCAR 100

Den Satellit stellt zwee Transponder zur Verfügung: En wideband Transponder fir ATV an en narrowband Transponder fir SSB an CW.

Dësen Satellit deckt en groussen Deel vun der Welt oof!

Coverage

Dat huet den RL derzou ugereegt selwer eng portabel QO-100 Statioun ze bauen.

D’ Statioun huet zwee Zwecker:

  1. Sie soll zu engem am emergency Fall kënnen agesat ginn wann déi lokal Communication géif ausfalen.
  2. Doriwwer eraus kann déi Statioun awer och fir Eventer vun eisen Memberen ausgeléint ginn wéi z.B. beim Jota/Joti oder ob engem Fieldday.

Den RL wäert och, soubal déi sanitär Situatioun et nees zouléisst, en Workschop mat live Demo ubidden. Sou kann dann all intresséierten OM den Member am RL ass, sech déi Saach mol ukucken an ausprobéieren.

 
 
 
 
 

www.rl.lu - Nouveau nom de domaine

Lëtzebuergesch D’ Lëtzebuerger Funkamateuren “Radioamateurs du Luxembourg” (RL), si frou iech matzedeelen dass si hiren neien Domain-Numm "rl.lu" kritt hunn. Deen ass ab elo direkt aktiv an alles vun “rlx.lu” gëtt automatesch op “rl.lu” weidergeleet.

Deen alen Domain “rlx.lu” bleift awer och nach bestoen esou dass et net dringend ass all QSL-Kaarten, Linken an aner Medien direkt op “rl.lu” ëmzestellen.

Dat selwecht gëllt och fir all Emailen an Aliassen déi op “@rl.lu” ophalen. Déi al bleiwen nach eng etlech Joer bestoen awer denkt drun op “@rl.lu” ëmzestellen.

 

Français Les Radioamateurs du Luxembourg (RL) ont le grand plaisir de vous annoncer qu’ils ont pu obtenir leur nouveau nom de domaine « rl.lu ». Dès à présent toute requête vers « rlx.lu » sera automatiquement redirigée vers « rl.lu ».

Conjointement, l’ancien domaine « rlx.lu » restera actif et donc nul besoin de changer urgemment toutes vos cartes QSL, liens web et autres supports.

Ceci vaut également pour toutes les adresses emails et alias se terminant en « @rl.lu ». Les anciens resteront valide de nombreuses années à venir mais pensez à basculer vers « @rl.lu ».