RL Club-Owend (Kräizschelle Workshop)
Nov 27

RL Club-Owend (Kräizschelle Workshop)

 

Loading map...
Eisenborn, Luxembourg
  • RL Club-Owend - Soirée Club - RL Club Abend

    All läschte Freiden am Mount zu Esebuer am RL Shack ab 19:00.

    D'Ziel vun dësem Club-Owend ass fir technesch Bastlereien oder Informatiouns-Austausch zu konkreten Themen ze förderen. D'Membere vum RL hunn och d'Méiglechkeet hier QSL-Kaarten ofzehuelen respektiv ofzeginn.

    Well de ClubOwend virun e puer Méint wou mer 2m/70cm Yagi-Antenne gebaut hu, Succès hat, wollte mer fir de ClubOwend vum 27. November rëm proposéieren fir eppes ze bauen. Des Kéier ass et eppes wat prinzipiell souwuel fir Kuerzwellen- wéi fir Amateuren déi op méi héije Frequenzen aktiv sinn kéint intressant sinn: et gi Kräizschelle selwer gemaach, zu intressante Präisser.

    Et kann een 3 verschidden Gréissten vun Zentral-Placken wielen. D’Schellen ginn et vun 32 bis 76 Millimeter. De Präis wäert 8, 9 oder 10 Euro sinn, jee no Modell. D’Umeldung ass bis de 15. November beim Jean-Claude per Mail : . Präziséiert dobäi w.e.g. wat fir ee Modell der wëllt bauen, dass mer d’Material am Viraus kenne preparéieren.

  • Category
    RL
  • Date & Time
    Nov 27 2015 at 19:00 - Nov 27 2015 at 22:00
  • Location & full address
    Eisenborn, Luxembourg
  • Event Admins
    RL Admin