
D ‘Tester vum Lëtzebuerger D-Start Reflector DCS032 sinn ofgeschloss, an alles leeft esou wei et soll.
Aus dësem Grond gëtt et déi al LX-Group DCS002E um DCS002 nët méi.
Wei ugekënnegt hunn mir elo och nach eisen eegenen CCS Server ( Call Connection Service ) fir CCS-Callsign-Routing ze maachen. Den Moment ass CCS awer nach net um Kontroller vun den Relaisen implementéiert. Dat kënnt beim nächsten Firmware Update.
Wann dir en HotSpot huet deen CCS ënnerstëtz wei z.B den BabyStar vum ON8JL oder d’ircddb gateway Soft vum Jonathan, G4KLX, gëtt bei der CCS Optioun CCS032 agedroen.
Denkt och w.e.g drun fir en DTMF Code fir äert Ruffzeechen bei http://register.ham-digital.net/ unzefroen!
Wann CCS bis op eisen Relaisen implementéiert ass kënnen déi Leit, déi net registreiert sinn keen CCS-Callsign-Routing méi maachen.
Fäert nët fir Ierch bei ze mellen wann dir Froen huet oder net richteg eens gitt. Mir hëllefen gären weider, op per Mail oder op engem vun eisen Owenter (Esebuer oder Peppeng).