Peanut um XLX270B (PNUT)

All déi Leit wou elo um D-Star Reflector Dashboard vum XLX270 hannert verschidden Ruffzeechen de Suffix PNUT, an dat via PA7LIM C, gesinn hunn an sech froen wat dat ass, hei d’Erklärung:

Den RL-Comite huet no enger Léisung gesicht fir dass jiddereen op D-Star era lauschteren a matschwätze kann ouni gréisser Investissementer missen ze maachen. Do hu mir de Programm Peanut fonnt, deen een sech fir Android am Google Playstore erof luede kann oder op engem Windows-Gerät installéiere kann.

Do dernieft ginn et 2 Konditiounen ze erfëllen, et soll een eng DMR ID hunn an et muss een eng Kopie vu senger Lizenz un den David, PA7LIM, schécken fir den Softwareaktivéierungscode ze kréien. Dëst ass fir ze verhënneren dass aner Leit ouni Lizenz op eemol di ganz Saach benotzen fir einfach nëmmen mat dem Handy ze chatten, an, dir musst jo bedenken, dat Ganzt geet och per Funk iwwert di connectéiert D-Star Relais’en eraus. No der Installatioun vun der Software fënnt een am Setup nach verschidden Astellungen sou wéi och d’Adress vum David, un deen een eng Kopie vu senger Lizenz hi schécke muss.