Lëtzebuergesch Den 23 Abrëll 2014 um 9h40 ass den éischten 70cm D-Star Relais hei am Land  opgeschallt ginn.
Déi nächst 14 Deeg leeft den Relais an enger Testphase, wou mir kucken ob den HF Deel an den Kontroller esou schaffen wei erhofft.
Den DVC Working Group géif sech freeën, wann dir den Relais géift äifreg benotzen an eis Rapporten schécken fir dass mir gesinn wei d' Couverture ass.

Soulaang den Relais an der Testphase bedriwwen gëtt, bleiwen d' Internet Servicer wei DCS, CCS, DPLUS etc. nach ausgeschalt.

No der Testphase gin sämtlech Servicer ageschalt, an den Relais kann a vollem Ëmfang genotzt ginn.