D’ HF-Testphase vum LX0DRJ ass elo ofgeschloss!
Den Sender / Empfänger leeft super propper an fiabel, sou wei mir eis dat erhofft haten.
Och d’ Rapporten déi mir vun den Leit kréin, spigelen dat Resultat zréck wat mir an der
theoretescher Simulatioun ermëttelt hunn.
Am Moment furen mir mat enger Sendeleeschtung vun 15W.
20W sinn geplangt wann den Relais 100% fäerdeg ass.
Méi Leeschtung mëscht op 70cm keen Sënn, well dir den Relais soss zwar héiert, mat normaler Leeschtung awer net méi drun kommt.
Seit den Moien hunn mir den Relais um Internet, an domadder dei 2. Phase vun der mise en Service ugefaang.
Den Relais ass am Moment esou configureiert, dass en net automatesch ob en Reflector gelinkt ass.
Jiddereen kann an däerf sech den Relais esou verlinken wei et him Spaass mëscht.
Zu Erënnerung, DCS002E ass den Reflector fir LX.
Mat “_______I” am “Your Call Sign” gëtt den Status vum Relais oofgefrot.
Mat “_______U” kënn dir den Relais unlinken.
Mat “DCS002EL” gëtt den Relais z.b. op den LX Reflector gelinkt.
Vergiesst net no engem Befehl den “Your Call Sign” op “CQCQCQ__” zréck ze setzen wann dir wëllt ruffen.
Sot eis w.e.g Bescheed wann eppes nët esou geet wie dir Iresch dat virstellt.