Lëtzebuergesch No e pour klengen Startproblemer, den Router huet missten getosch ginn, konnt d’ Internet-Testphase vum LX0DRJ ofgeschloss ginn.
All Servicer wéi DPlus, DExtra, DCS reflectors an IRCddb  sinn elo online an kënnen am vollen Ëmfang vun den User genotzt ginn. Soumat wär d'mise en service vum LX0DRJ ofgeschloss.

Den Status vun den D-Star Relaien hei am Land kann live ofgefrot gin.

Fir dass dir Ierch am Live Log vum IRCddb gesidd, muss dir eemoleg en VIS___ON schécken.

Hei en Beispill wie dir et iwwert den LX0DRJ kënnt maachen.

YourCall:              VIS___ON
RPT1:                   LX0DRJ_B
RPT1:                   LX0DRJ_G

Dësen Befehl muss just 1x ofgeschéckt ginn, an kann iwwert all Repeater oder Gateway gemaach ginn , deen un der IRCddb ugebonn ass.

Réckgängeg kann et iwwert VIS__OFF gemaach ginn.