Säit dem 24.06.2014 huet Lëtzebuerg säin eegenen DCS Reflector, DCS032.
Den Moment ginn et do 4 Gruppen:
- World Wide (DCS032 A)
- Luxembourg (DCS032 B)
- Local Chat (DCS032 L)
- Echo Function (DCS032 Z)
Wann den Besoin besteet kënnen mir nach Gruppen bäisetzen.
Well LX awer zimlech kleng ass wollten mir net schonn am Ufank dësen DCS Reflector onnéideg opblosen. Soubal d’ Tester ofgeschloss sinn, gëtt d’Grupp “Luxembourg” (DCS002 E) am Reflector DCS002 ewech geholl.
Denkt also drun är HotSpoten an Endgeräter deementspriechend unzepassen.
Eis D-Star Relaisen ginn par défaut op DCS032 B gelinkt.
Soubal mir nach e bësschen Zäit kréien, wäert och en eegenen CCS fir LX derbäi kommen. Viraussiichtlech no der HamRadio.
Wann dir nach Froen huet, kënn dir se gären un schécken, oder dir kommt einfach op eisem Club Owend zu Esebur laanscht.