Lëtzebuergesch Leit, déi mat hirem Ruffzeechen an der weltwäiter D-Star Datebanke wëllen visibel sinn mussen déi Funktioun selwer fräi schalten.
Dëst funktionéiert iwwert den Befehl “VIS ON”. Et geet dur, dass dir eemoleg den Befehl iwwert den “YourCall” op iergend engem D-Star Relais, deen un d’ IRCDDB ugeschloss ass oofsetzt.

Hei en Beispill fir dat iwwert den LX0DRD ze maachen:

YourCall: VIS___ON

   RPT1:     LX0DRD_B
   RPT2:     LX0DRD_G

Och hei muss nees opgepasst ginn, dass den "VIS___ON"   8 Zeechen huet. Also an desem Fall 3 Espacen tëschent den VIS an dem ON.

Déi genau Erklärung fann dir hei: http://ircddb.net/live-vis.html. An esou gesäit dat aus, wann dir des Funktioun aktivéiert huet. http://ircddb.net/live.htm