Mam LX0DRV um Ronnebësch huet den DVC Working Group vum RL den 13. Juli 2015 géint 18h00 den 4. D-Star Relais zu Lëtzebuerg an Betrib geholl.
Dësen Relais schafft mat zwou Yagi Antennen déi gezielt den Uelzechtdall an den Sauerdall ofdecken. Éischt Tester confirméieren des Couverture, sou dass Diekirch, Ettelbréck, Colmar an Miersch elo 100% ofgedeckt sinn. An den kommenden Deeg, jee no Feedback vun den User kann d’ Ausriichtung vun den Antennen nach liicht variéieren.
Mat dësem Relais hunn mir dann quasi eng Flächendeckend Couverture iwwer 70cm op D-Star.
Den HF Deel vum D-Star Projet wär dann ofgeschloss an den DVC Working Group widmet sech weider der Vernetzung vun den Digitalen Modien. D’ Ziel ass et fir d’ Reflekteren vun den verschiddenen digitalen Netzer zesummen ze leeën sou dass et an Zukunft wäert egal sinn op den User sech fir D-Star, C4FM oder DMR entscheet.
Den CCS7 wäert dann och Callsign Routing tëschent den Netzer erméiglechen, egal op een mat D-Star oder DMR ënnerwee ass. Un engem Reflekter System fir C4FM gëtt och schonn geschafft. Wei et domadder weider geet weist d’ Zukunft.