Lëtzebuergesch Säit dem 23. August leeft den XLX270 ob der Versioun 2.0.0.

Des Versioun ënnerstëtz och elo DMR an transcodéiert live vun DMR ob D-Star an ëmgedréint!
Par Défaut ass den LX0DML, eisen Multimode Relais vun Blaaschent, an D-Star an an DMR op den XLX270 B gelinkt.
Doduerch ass et méiglech fir déi Leit déi keen D-Star Gerät hunn trotzdem mat den Kollegen an D-Star iwwert DMR ze schwëtzen.

Den LX0DML kann um XLX270 ob Module A-Z gelinkt ginn.
Fir dass dat mat ärem DMR Gerät funktionéiert, muss dir den TS1 ob der TG8 benotzen.
(Fir en lokalen QSO, also net iwert den Réseau kann natierlech och den TS2 TG9 genozt ginn.)

Mat engem private oder group call gëtt den Relais verlinkt.
Schéckt dir z.b en 84000, gëtt den Relais ewech gelinkt.
Mat 84001 link dir den Relais ob Module A, mat 84002 ob B usw.

Keng Panik, dir kënnt am Prinzip näischt falsch oder futti maachen. Sollt dir alles verstallt hunn, ass dat nët dramatesch.
Den Relais linkt sech automatesch no 15 Minutten nees ob den XLX270 Module B.

Fir weider Froen schéckt w.e.g en mail un .