Viru ronn 4 Joer hat den DVC vum RL sech virgeholl fir D-Star zu Lëtzebuerg flächendeckend zur Verfügung ze stellen. Enn 2017 ass et elo souwäit. Mam LX0DRN riichten mir zu Nacher eisen 6. an viraussiichtlech leschten D-Star Relais zu Lëtzebuerg ob. Den Moment lafen ob deem Site éischt Couvertures-Tester ënnert LX0XP-B. Mat dësem Relais gëtt den Heischtergronn, Wolz, Esch-Sauer, Clerv an villes méi ofgedeckt. D’Frequenz vum Relais ass 438.31250 MHz, shift -7.6 MHz.
Den DVC vum RL seet all deenen Leit en décken Merci, déi gehollef hunn an esou kuurzer Zäit esou en formidabelen Projet ob d’Been ze stellen. Ab elo ass et méiglech quasi am ganzen Land an D-Star QRV ze sinn an esou National an International Verbindungen ze maachen.
Rapporten souwéi wei all aner Froen kënn dir gären un schécken.
Och wann mam LX0DRN den D-Star Projet souwäit ofgeschloss ass, heescht dat nët dass mir elo keng Aarbecht méi hunn! Jiddereen deen an der DVC Working Group wëll aktive matschaffen ass häerzlech invitéiert matzemaachen. Et sinn keng speziell Kenntnisser erfuerderlech. Spaass um Hobby an Teamfäegkeet ginn dur.
Mir freeën eis iwwert all Feedback.