Endlech ass et esouwäit !!
Den 17. Dezember 2017 hunn mir den LX0DME, dem LX9DX säin Hytera Relais geupgrade an un den XLX270 gelinkt. Dommadder hätten mir eist Ziel erreecht an et ass egal ob den Operateur an DMR oder D-Star funkt.
Um XLX270 ginn all Moduler an die béid Richtungen DMR-D-Star transcodéiert.
Par defaut ass den LX0DME ob den XLX270 Module B gelinkt wou och all déi aner D-Star Relaisen vum RL drun hänken.
Den Réseau ass ob den TS1 / TG8 gemappt. Wann dir also iwwert den LX0DME fuert dann muss dir den TS1 / TG8 (Time Slot 1 / Talking Group 8) benotzen. Als RX Grupp am CPS vum Funkgerät geet TG8 duer.
Des Konstellatioun vereinfacht déi ganz DMR-Handhabung drastesch. Natierlech kann den LX0DME och ewech gelinkt , oder den Module gewiesselt ginn.
Gesteiert gëtt dat Ganzt iwwert en private call.
Hei dann d' Befehler:
- 84000 - unlink
- 85000 - status
- 84001 - Module A
- 84002 - Module B
- 84003 - Module C
- ...
- 84026 - Module Z
Den Time Slot 2 kann weiderhin fir lokal QSO’en an der TG9 genotzt ginn.
Fir weider Froen steet den DVC vum RL iech wéi ëmmer zur Verfügung.