QSL Bureau Bring and Take Away Day

Lëtzebuergesch Wéinst der aktueller Situatioun ëm de Corona Virus (COVID-19) organiséiert den RL-QSL-Bureau en “bring and take away day” esou wéi d’lescht Joer, nom Prinzip “QSL Drive-in”.

Dat ganzt fënnt den 5. Februar 2022 vun 10:00 bis 12:00 Auer zu Eesebuer statt. Déi nei QSL-Manager Equipe ass present an d’RL Memberen kënnen dann hir QSL-Kaarten of ginn a mathuelen .

Denkt awer un äre Mask. Et gëtt och de Moment nach ëmmer kee Gedrénks an och kee Club-Owend.

 

Français En raison de la situation actuelle du COVID-19, le bureau QSL du RL organise un « bring and take away » comme l'année dernière, selon le principe du « QSL drive-in ».

L'événement aura lieu le 5 février 2022 de 10h00 à 12h00 à Eisenborn. La nouvelle équipe de QSL Manager est présente et les membres RL peuvent déposer et emporter leurs cartes QSL.

N’oubliez pas votre masque. Pour l’instant il n'y a ni boissons ni soirée club au shack à Eisenborn.

LX1DK SK

Den RL Comité huet di traureg Flicht den Doud vun eisem laangjärege Member an Éierepresident Joseph Kirsch, LX1DK, matzedeelen. Hien ass den 3. Januar 2022 am alter vun 95 Joer verstuerwen.

Zënter der Grënnung vum RL am Joer 1937 war de “Jéis” eise fënnefte President, an zwar vun 1988 bis 2001.

Mir wäerten hien a gudder Erënnerung behalen an drécke senger Famille eist déifste Matgefill aus.

Den RL Comité

RL QST 2021-11

Themen vun der QST vum 26. an 28. November 2021:

 - Problemer mat Antenneninstallatiounen
 - C4FM
 - PNUT Peanut
 - QSL Karten
 - LX5MF
 - Tech-Talk no der QST
 - AMSAT-NA
 - Monatsversammlung
 - LX8HQ
 - RL Projeten
 - ARRL News
 - Working Groups

Monatsversammlungen ab Dezember 2021

Lëtzebuergesch Léif Memberen,
Un Hand vun der aktueller Situatioun bei de Covid-Infektiounen a fir keen onnëtze Risiko anzegoen, hu mir décidéiert eis Monatsversammlungen zu Peppeng provisoresch erëm bis op Weideres auszesetzen.

Merci fir äert Verständnis.
De Comité

Français Chers membres,
Compte tenu de la situation actuelle concernant les infections à Covid, nous avons décidé d’annuler temporairement nos réunions mensuelles à Peppange pour ne pas prendre de risques inutiles..

Merci pour votre compréhension.
Le Comité
 

Deutsch Der RL Vorstand informiert:
Wegen der aktuellen Situation um den Corona Virus (COVID-19) und um jegliches Risiko zu vermeiden sind alle RL Veranstaltungen bis au Weiteres abgesagt. 

English The Committee of the RL informs:
Given the current context around the Corona virus (COVID-19) and in order to avoid any risk, all RL meetings are cancelled until further notice. 

JOTA 2021

JOTA-JOTI 2018 Logo (small)

Dëse Weekend ass et erëm esou wäit. Vum 15. bis den 17. Oktober ass de 64. JOTA. Nieft de 6 Lëtzebuerger JOTA Statiounen, eng genee Lëscht ass um Site www.jotajoti.lu ze fannen, ass och erëm de Welt Scout Bureau “Global Support Centre Europe” op Besuch hei zu Lëtzebuerg . Hiert Ruffzeechen ass LX9S . All déijéineg, déi d’Statioun LX9S wëllen besichen goen, mussen sech am Viraus iwwert d’Email umellen . Et ass nämlech en CovidCheck Event.

Och bei deenen anere Statiounen gëllen d’Covidcheck Regelen.

Dësen internationalen Event mat enger Bedeelegung vun etwa 2 Millioune Scouten aus 170 Länner ass fir eis déi Geleeënheet fir Reklamm fir eisen Hobby ze maachen an nei OM’en ze begeeschteren. Dofir ass et wichteg, dass mir dee Weekend e bësse méi Toleranz zu allen Richtlinnen op all eise Bänner weisen, awer virun allem dass mir do present sinn a virféieren wéi flott an interessant eisen Hobby ass.

 

Logo_JOTA_JOTI_2021.png