IARU HAMChallenge 2022 Winners

Mir haten am Mee den Opruff fir IARU Hamchallenge hei publizéiert an d'Gewënner stinn elo fest:

1. Platz (ex aequo) ginn un den 5B4AHZ Nestor mam "Ham Radio Escape Room" an den HB9FEU Christian mat "A public database of fun projects for innovation"
3. Platz geet un den IU2FRL Luca a säin Team fir hiren "UrgentSat"
De Jugendpräis geet un den ZS6GUY Guy fir säin "A Workbook that will showcase various aspects of the hobby

Hamchallenge: and the winners are ? | International Amateur Radio Union (IARU)

IARU HAMChallenge 2022

Den neie President vun der IARU R 1, Sylvain F4GKR, lancéiert en éischten Opruff fir den "HAMChallenge".

Dësen Uruff riicht sech un all Radioamateuren a Radiosveräiner.

Wat ass et genee?

IARU Regioun 1 begréisst innovativ Iddien, déi zu méi lizenzéierte Radioamateure kënne féieren.

 

Den Uruff ass an dräi Deeler organiséiert:

  • Bis den 31. Mee 2022: all Konzeptvirschléi si wëllkomm,
  • Juni 10, 2022: IARU Regioun 1 wäert déi bescht Iddien virauswielen an d'Teams informéieren déi se ofginn hunn fir e méi detailléierte Projet virzebereeden,
  • 25. Juni 2022: Wärend HamRadio 2022 ginn déi bescht Projete belount.

Voll Detailer kënnen op der IARU Regioun 1 Websäit fonnt ginn.

https://www.iaru-r1.org/2022/we-want-your-ideas-to-change-us-join-now-the-very-first-hamchallenge/

LX5WARD - World Amateur Radio Day 2021

Lëtzebuergesch Den 18. Abrëll 2021 ass nees den “World Amateur Radio Day” fir der Grënnung vun der IARU den 18. Abrëll 1925 ze gedenken. Ënnert den 23 Natiounen déi vertrueden waren, war och Lëtzebuerg dobäi mam LX1AS (Dr. Auguste Schumacher), LX1JW (Jean Wolff) an LX1AF (Jean de la Fontaine).

Dëst Joer ass Lëtzebuerg och erëm mam Ruffzeechen LX5WARD tëschent dem 5. an 25. Abrëll 2021 aktiv.

All RL Member ass heimat invitéiert dat Sonderrufzeechen ze schaffen oder selwer domat aktiv ze ginn. Einfach beim Manager LX1JH Jean-Marie nofroen andeems dir eng Email un  maacht. 

Weider Info zum WARD fannt dir um Site vun der IARU, op qrz.com vun LX5WARD an op Twitter #WorldAmateurRadioDay

IARU Region 1 General Conference 2020

D'IARU Regioun 1 Generalkonferenz, déi ursprénglech zu Novi Sad a Serbien stattfanne sollt, fënnt elo online ab e Sonndeg den 11.10.2020 statt.

Profitéieren vum Online Zougang wäerten bal eng gutt 200 Delegéiert an Observateuren vu +/- 50 nationale Member Verbänn.

Bal 90 Dokumenter, déi esou genannten “Papers”, si fir Diskussioun geplangt. D’Konferenz gëtt formell vum IARU President Tim Ellam, VE6SH, opgemaach.

Diskussiounen wäerten a véier Haaptthemen stattfannen: Organisatioun an Administratioun, HF, VHF an EMC.

Lëtzebuerg ass duerch den RL mat 3 Delegéierter mam Armand LX1MA, Thomas LX2OO a Mich LX1KQ vertrueden.

Weider Informatiounen sinn ob der Homepage https://conf.iaru-r1.org/ ze fannen.

 

World Amateur Radio Day 2020

Lëtzebuergesch Den 18 Abrëll 1925, also virun 95 Joer hunn sech Amateur Funk Pionéier zu Paräis getraff vir d’IARU ze grënnen. Enner den 23 Natiounen déi vertrueden waren, waren och 3 Lëtzebuerger. Dofir gëtt all Joer dorun erënnert an et sinn verschidden Ruffzeechen mat dem Suffix WARD op de Bänner ze héieren. Lëtzebuerg ass dëst Joer mat dem Ruffzeechen LX5WARD vertrueden.

All RL Member ass heimat invitéiert dat Sonderrufzeechen ze schaffen oder selwer domat aktiv ze ginn. Einfach beim Manager LX1JH Jean-Marie nofroen andeems dir eng Email un maacht.
 
Weider Info zum WARD fannt dir um Site vun der IARU, op qrz.com vun LX5WARD an op Twitter #WorldAmateurRadioDay
 
English Every April 18, radio amateurs worldwide take to the airwaves in celebration of World Amateur Radio Day. It was on this day in 1925 that the International Amateur Radio Union was formed. The founders met in Paris in April 1925. The founding of the International Amateur Radio Union took place during a memorable session at the Sorbonne in which 23 nations were represented, including Luxembourg with LX1AS (Dr. Auguste Schumacher), LX1JW (Jean Wolff) and LX1AF (Jean de la Fontaine).
 
This year, Luxembourg will participate with the callsign LX5WARD which will be on the air from 6th to 26th April 2020.
 
RL Members can apply for the callsign by dropping an email to the manager LX1JH Jean-Marie ().
 
You'll find more informations about the WARD at IARU,  qrz.com LX5WARD or Twitter #WorldAmateurRadioDay
 
 

LX8HQ IARU HF Championship 2019

Lëtzebuergesch De Weekend vum 13-14 Juli 2019 huet den RL nees mat der Headquarter Statioun LX8HQ am IARU HF Championship 2019 matgemaach.

Et ass vum RL Shack aus gefunkt an am Ganzen ronn 1500 QSO'en gemaach ginn.

LX8HQ 2019 Team (v.l.n.r.): Thorsten DG3KBQ, Jean-Luc F1ULQ, Mich LX1KQ, Mendaly LX2VY, Jean-Marie LX1JH, Heng LX1HD