D'IARU Regioun 1 Generalkonferenz, déi ursprénglech zu Novi Sad a Serbien stattfanne sollt, fënnt elo online ab e Sonndeg den 11.10.2020 statt.
Profitéieren vum Online Zougang wäerten bal eng gutt 200 Delegéiert an Observateuren vu +/- 50 nationale Member Verbänn.
Bal 90 Dokumenter, déi esou genannten “Papers”, si fir Diskussioun geplangt. D’Konferenz gëtt formell vum IARU President Tim Ellam, VE6SH, opgemaach.
Diskussiounen wäerten a véier Haaptthemen stattfannen: Organisatioun an Administratioun, HF, VHF an EMC.
Lëtzebuerg ass duerch den RL mat 3 Delegéierter mam Armand LX1MA, Thomas LX2OO a Mich LX1KQ vertrueden.
Weider Informatiounen sinn ob der Homepage https://conf.iaru-r1.org/ ze fannen.