RL AG 2023

 Eis alljärlech Generalversammlung ass den 12. Mäerz zu Mondorf.

Hei gëtt och de President fir an eise Comité gewielt, RL-Memberen déi fir dëse Posten kandidéiere wëllen, sollen sech bei eiser Vize-Presidentin mellen ().

Genau Detailer an der Invitatioun fir d’AG 2023.

 Notre assemblée générale annuelle aura lieu le 12 mars à Mondorf.

Cette année-ci auront également lieu les élections du président du RL. Veuillez envoyer vos candidatures pour ce poste à notre vice-présidente (). 

Une invitation détaillée vous parviendra par courrier.

ProcurationRL_Procuration_2023.pdf
Einladung RL_AG_2023_Einladung.pdf

LX4HNY - Happy New Year QSO Party

D’Joer 2022 geet gläich op en Enn an 2023 steet virun der Dier.

Den LX1JH organiséiert an Zesummenaarbecht mam RL eng Happy New Year QSO Party mat dem Sonderrufzeechen LX4HNY. Dat Ganzt geet vum 19.12.2022 bis den 08.01.2023.

All RL Member kann LX4HNY vun senger Statioun zu Lëtzebuerg aus aktivéieren. Wie bei der QSO Party matmaache well, mellt sech mat engem Mail beim LX1JH Jean-Marie () un. 

E Logbuch ass am ADIF Format ze féieren an un den LX1JH ze schécken.

JOTA 2022

JOTA-JOTI 2018 Logo (small)

Vum 14. bis den 16. Oktober ass den 65. JOTA.

Um Site www.jotajoti.lu stinn weider Informatiounen wéi een als Radioamateur kann matmaachen. Eng Lëscht mat den Scout Gruppen déi mat maachen ass och hei ze fannen.

Dësen internationalen Event mat enger Bedeelegung vun etwa 2 Millioune Scouten aus 170 Länner ass fir eis déi Geleeënheet fir Reklamm fir eisen Hobby ze maachen an nei OM’en ze begeeschteren. Dofir ass et wichteg, dass mir dee Weekend e bësse méi Toleranz zu allen Richtlinnen op all eise Bänner weisen, awer virun allem dass mir do present sinn a virféieren wéi flott an interessant eisen Hobby ass.

QTH Locator?

LU Den QRA Locator vum Patrick TK5EP ass eng flott Méiglechkeet fir säin eegenen QTH Locator erauszefannen oder fir gewuer ze ginn wou een Amateur sech befënnt wann een säin QTH-Locator kennt. Et kann een verschidden Sachen astellen wéi z.B. Satellitebiller, d'Antennerichtung an Distanz tëschend 2 Punkten asw. 

EN Patrick TK5EP's QRA Locator is a nice and useful tool if you want to figure out your QTH Locator or look up the region of a fellow HAM of which you know the QTH-Locator. You have multiple display choices like satellite maps, daylight curve, bearing calculator and distance between 2 points.