Lëtzebuergesch 100 Joer FNEL

2014 feiert d’Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg (FNEL) hir 100 Joer.

Zu där Gelegenheet huet d’FNEL eng Ausstellung am Postmusée am Gebai vun der Post op der Gare zu Lëtzebuerg opgemach. Si dauert vum 23.5.-31.10.2014. De Postmusée ass op vu Méindes bis Freides vun 13-17 Auer a gratis. ((Eng « visite guidée » ass op Ufro bei der Mme Sandra Heinisch (tél. : 4088-7255) ausserhalb deenen Zäite méiglech)). Well den RL beim Jamboree On The Air (JOTA) all Joer bei de Scouten mattmecht weist den RL och do drop hin dass Amateurfunk bei där Gelegenheet weltwait Kontakten ënner de Scoutsgruppen erméiglecht.

Um Informatiounsstand vum RL gesait een Amateurfunkequipementer, QSL-Karten aus der ganzer Welt an detailléiert Informatiounen iwer den RL an iwer Amateurfunk zu Lëtzebuerg am allgemengen.

Den 22.05.2014 wor d'Inauguration vun deser Ausstellung.

Den RL wor mat 3 Memberen vertruden, LX1CX (Claudine Duhr) LX1CU (Jean-Claude Duhr) an LX1MA (Armand Erpelding)