All Joers fënnt den Jota-Joti (Jamboree On The Air an Jamboree On The Internet) statt. Dëst ass en Weekend wou Guiden a Scouten an der ganzer Welt iwwert Funk an Internet mateneen kommunizéieren.
2m, SSTV, APRS, Fuussenjuegd,SSB op Kuerzwell, …. . Dëst ass bestëmmt fir di eng ewéi spuenesch an anerer wëssen direkt em wat et geet.
Jota-Joti-Team, dat sech aus Guiden a Scouten vun der FNEL an den LGS an aus Amateurfunker zesummesetzt, bekëmmert sech hei am Land em Organisatioun vun där Aktivitéit.
Mir, wëllen dech/iech häerzlech op eng Informatiounsversammlung iwwert des Aktivitéit invitéieren.
Wat brauch ech vun Material?, Wou fannen ech en Amateurfunker (fir Scoutsgruppen)?, Wou fannen ech e Scoutsgrupp (fir Amateurfunker)?, Wie leeft esou e Weekend of?, Muss een do vill präparéieren?, … Des an vill aner Froen wäerten an sollen op dësem Owend diskutéiert ginn.
Komm also och du/dir den 20/06/2014 um 19:30 Auer zu Miersch am Home St. Michel, rue du Moulin L-7559 Mersch.
Fir dat mir eis Versammlung op deng/är Bedürfnisser ofstëmmen kennen, wieren mir frou, wann s du/dir eis kéint den Aschreiwungsformulaire bis spéitstens den 06/06/2014 ausfellen.
Lénks Patt a bis geschwënn