Lëtzebuergesch Den 29.05.2014 hat den RL op séin grousst Grillfest invitéiert.

Em déi 30 Leit haten den Wee op Eesebur fonnt fir zesummen ze grillen.

D’ Wieder hat matgespillt, sou dass et en groussen Erfolleg wor, wat motivéiert fir dat Grillfest d’ nächst Joer ze widderhuelen. Wei een op den Fotoen gesäit wor fir jiddereen eppes derbäi, egal op grouss oder kleng.

Nom iessen hunn sech vill Leit an den Schack zréck gezunn wou den LX1IQ eng D-Star Demonstratioun gemaach huet.
Hien huet den vollen Funktiounsëmfang vum LX0DRJ erkläert.
En ganzen Koup OM ‘en haten och hiert eegent D-Star Gerät derbäi an hunn äifreg Froen gestallt.

Weider Fotoen vun dësem Event fannt dir hei:
https://www.rl.lu/qrz/media/photos/lx1om/album?albumid=80