Och dest Joer hat den RL nees op séin grousst Grillfest invitéiert.
Tëschent 30 an 40 Leit haten den Wee op Eesebur fonnt fir zesummen ze grillen. Also eng Hand voll méi wéi d' lescht Joer.
D’ Wieder hat och matgespillt, sou dass et en groussen Erfolleg wor.
Dass souvill Leit do woren beweist, dass et den Leit d' lescht Joer gefall huet an motivéiert fir dat Grillfest d’ nächst Joer ze widderhuelen.
Wéi een op den Fotoen gesäit wor fir jiddereen eppes derbäi, egal op grouss oder kleng.
Nom Iessen hunn sech vill Leit an den Schack zréck gezunn wou den LX1IQ eng D-Star Demonstratioun gemaach huet. En ganzen Koup OM’en haten och hiert eegent D-Star Gerät derbäi an hunn äifreg Froen gestallt. Si woren begeeschtert dass den RL elo schonn 3 D-Star Relaisen huet an waarden gespaant op den 4 Relais um Ronnebësch.
Weider Fotoen vun dësem Event fannt dir hei: Album 1 - Album 2