Well de ClubOwend virun e puer Méint wou mer 2m/70cm Yagi-Antenne gebaut hu Succès hat, wollte mer fir de ClubOwend vum 27. November rëm proposéieren fir eppes ze bauen.
Des Kéier ass et eppes wat prinzipiell souwuel fir Kuerzwellen- wéi fir Amateuren déi op méi héije Frequenzen aktiv sinn kéint intressant sinn: et gi Kräizschelle selwer gemaach, zu intressante Präisser.
Et kann een 3 verschidden Gréissten vun Zentral-Placken wielen. D’Schellen ginn et vun 32 bis 76 Millimeter. De Präis wäert 8, 9 oder 10 Euro sinn, jee no Modell.
D’Umeldung ass bis de 15. November beim Jean-Claude per Mail : . Präziséiert dobäi w.e.g. wat fir ee Modell der wëllt bauen, dass mer d’Material am Viraus kenne preparéieren.