Vu Samschdes 9. Juli 14 Auer lokal Zäit bis Sonndes 10. Juli 14 Auer wäert den RL um IARU HF Championship mat der LX Headquarter-Statioun vun Eesebuer aus matmaachen. Et wäerten e puer Statiounen opgeriicht ginn, an et gëtt probéiert fir an net ze laange Schichten d’Statiounen während deene 24 Stonnen ze besetzen. Mir maachen hei nach eng Kéier een dringenden Opruff, dass Memberen déi bereet sinn de Club op deene verschiddene Bänner ze vertriede sech w.e.g. beim Mich LX1KQ (Email: ) melle solle fir ze kucke wéini se kéinten op enger vun de Statioune funken. Et ass och kee Problem fir nëmme während enger kuerzer Period (1 oder 2 Stonnen) mat ze maachen. Och Leit déi nach ni ee Contest mat gemaach hu sinn häerzlech wëllkomm.