Wéi schonn an enger vireschter QST Emissioun ugekënnegt ass den 3. Juli zanter laanger Zäit mol rëm een ARDF Event, also eng Fuussejuegt hei zu Lëtzebuerg. Dat ganzt wäert fir des éischt Kéier lo mol just op 80 Meter gemaach ginn. De Club huet eng limitéiert Zuel vun Empfänger déi kennen ausgeléint ginn, sot eis an deem Fall wann der dovu wëllt profitéieren awer am Viraus Bescheed, op .
D’Umellungen wäerten ab halwer 11 zu Eesebuer beim Shack gemaach ginn, de Start vun den éischte Participanten ass da fir 11 Auer virgesinn. Et ass souwuel ee Grill mat Grill- a Mettwurschten wéi och Gedrénks op der Platz, sou dass ee sech dono direkt rëm ka stäerken. Aus organisatoresche Grënn ass et fir eis méi einfach wann dir eis am Viraus Bescheed sot wann der matmaache wëllt, et kann awer och nach jiddereen den Dag selwer einfach dohi kommen, ouni ugemellt ze sinn. Am Fall wou der iech per Mail bei eis ugemellt hutt, kenne mer iech och Bescheed soen, falls et aus Wieder-technesche Grënn misst ofgesot ginn.