Lëtzebuergesch Am Kader vum Youngsters On The Air Working Group vun der IARU Region 1 ass vum 1. bis den 31. Dezember 2016, genau wéi d’läscht Joer, rëm de YOTA Mount. An deem Mount sollen international, speziell Jugend-Statioune QRV ginn, fir d’Äiss e bëssen ze briechen, dass jonk Leit rëm méi de Mikro an de Grapp huelen. Lëtzebuerg wäert viraussiichtlech rëm mam Ruffzeechen LX4YOTA matmaachen.

Jonk Memberen si wëllkomm fir dat Ruffzeeche während engem oder e puer Deeg ze aktivéieren. Falls dir jonk Leit kennt déi nach keng Lizenz hunn an déi sech awer fir den Hobby intresséieren, ass dëst och d’Geleeënheet fir dass si et mol zesumme mat engem vun eise Youth-Koordinatoren eng Kéier kennen ausprobéieren. 

Falls der intresséiert sidd kennt der iech beim Youth-Working Group am beschte per Mail op mellen.

Méi Informatioune fennt een op der offizieller YOTA Websäit.

English In order to promote amateur radio amongst young people, the Youngsters On The Air Working Group IARU Region 1 inititated the YOTA Month from December 1st to December 31st, 2016. Luxembourg will likely participate with the callsign LX4YOTA, which youngsters can activate during a few days.

If you are interested to participate, please don't hesitate to contact our Youth-Working Group per email via .

You'll find more details on the official YOTA Site.

 

Deeg wou d'Ruffzeechen nach fräi ass / Dates where the callsign is still available

Monday Tuesday Wednesday Thursday Friday Saturday Sunday
      1 2 3 4
5 6 7 8 9 10 11
12 13 14 15 16 17 18
19 20 21 22 23 24 25
26 27 28 29 30 31