Den LX0DMM ass no enger Testphase vun 3 Méint als analogen 2m Relais zu Meechtem am Regelbetrib. D’Koordinaten sinn 49°39.25’ N 6°25.28’ E - Locator JN39FP07NA fir déi Leit déi sech d’Antenn vun No ukucke wëllen. En Vertikalstrahler vun Kathrein mat engem Gewënn vun +/-5 dbd ass mam Fousspunkt op 15 Meter esou montéiert ginn, dass d’Ofstralung Richtung Staat verstäerkt gëtt, an Däitschland esou weit wéi Méiglech ofgeschiermt bleift. Natierlech ass dem Empfang op der Däitscher Muselsäit awer och Top.

Et sinn schonns etlech positiv Echoen iwwer d’Kuvertüre beim RL agaang. De Relais deckt déi ganz Route du Vin vun Munneref bis op Waasserbëlleg an e groussen Deel laanscht Sauer bis op Iechternach of.

D’Hardware ass am Moment en Hytera Relais den nach aus dem Bëstand vum RL iwwerholl ginn ass. De Relais leeft op145.5875 Mhz mat engem minus Shift vun 600 khz an CTCSS vun 123 Hz T/SQL.

An enger nächster Phase sollen déi 3 Analog zougänglech Relaisen LX0LU, LX0DMM an LX0HI Digital iwwer Hamnet mateneen vernetzt ginn. Eng Optaaschtung mat 1750 Hz an CTCSS ass nach Ëmmer e wichtegen Punkt deen eis virschwieft. Éischt Versich sinn scho gemaach. Bis all Bedéngungen fir eng sécher Vernetzung an enger gudder Qualitéit ze garantéieren erfëllt sinn, wäerten nach etlech Gedanken ausgetosch ginn.

Nach emol betount, all Ureegung a konstruktiv Kritik, souwéi en aktiivt Matschaffen an deenen verschiddenen Working Gruppen ass wéi schonn Ëmmer wëllkomm.