Wéi schonn am Bulletin ugekënnegt ass d’SaarLorLux Treffen dëst Joer vu Freides dem 15. bis Sonndes dem 17. Juni zu Weicherdang am SNJ Jugendzentrum.
Dir sidd wëllkomm fir do ee flotte Weekend mat de Kollegen aus der Groussregioun ze verbréngen, oder si dohi besichen ze goen. Et wäert natierlech eng Statioun opgeriicht ginn, fir QSOen op deene verschiddene Bänner ze maachen.
Folgende Programm ass fir déi 3 Deeg zu Lëtzebuerg geplangt:

Freides, 15. Juni
  • Arrivée a Begréissung
  • Funkbetrib mam Sonderruffzeechen "LX8SAR".
Samschdes, 16. Juni
  • 10:00 Auer Visite Guidée vun der Ausstellung "Lëtzebuerg am 1. Weltkrich" (1,5 Stonn) Hall polyvalent , route d'Eselborn, Klierf
  • 12:00 Auer Mëttegiessen (Pizza oder Zalot ) am Restaurant "Les Ecuries du Parc" 4 Rue du Parc, L-9708 Klierf
  • 14:00 Auer Visite vun der "Family of Man" zu Klierf
Sonndes, 17. Juni
  • Gemeinsamt Mëttegiessen

  • Géint 15 Auer wäerten d’Leit sech dann op den Heemwee maachen

Falls dir och am Jugendzentrum wëllt schlofen, kennt der iech beim Heinz DK4XC () mellen.