Lëtzebuergesch Wéi schonn an där leschter QST-Emissioun ugekënnegt, organiséieren mir Schaffdeeg zu Blaschent um Site vun eisem Relais.

Hei geet et virun allem mol dorëms di provisoresch gelueten Antennekabelen propper ze verleeën, an da gëtt nach eng Hamlink Streck op gebaut.

Dat ass eppes wat dech vläicht vun der Technik hier interesséiere kënnt. Mee net nëmmen dat, och mol eng Kéier d’Méiglechkeet ze hunn fir de Site mat sengem imposanten Mast vu Noo ze kucken mécht dat ganzt interessant. Mee dat Bescht kënnt jo ëmmer zum Schluss, den RL sponsort hei Iessen a Gedrénks, sou dass heiraus och nach e flotten an gemittlechen Dag ënnert Gläichgesënnten usteet. Als eenzeg Konditioun, du muss dech wéi ëmmer ënnert umellen.

Di zwee Datumen wou’s du dier hei mierke solls sinn jeeweils Samschdes den 20. an den 27. Juli 2019. Soo eis och wéi en Daag s’du eis dann hëllefe kënns.