Vum 01.08.2019 bis 31.01.2020 bedreift den RL d' Sonderruffzeechen LX75V.
Dëst zum Gedenken un d'Befreiung vun Lëtzebuerg den 10. September 1944, wou alliéiert Panzeren kampflos an d’ Stad Lëtzebuerg eran gefuer sinn.
Mir hunn d’ Ruffzeechen bis Enn Januar 2020 wëll no der Ardennenoffensiv am Dezember 44 LX nees kuerz besat gouf an eréischt definitiv am Januar 1945 befreit ginn ass.
D’ Lizenz ass multi-multi-multi an kann esou parallel vun verschiddenen Opérateuren ob verschiddenen Bänner an Siten gläichzäiteg bedriwwen ginn! Enzeg Konditioun ass dass pro Band nëmmen eng Statioun am gläichen Mode aktivéiert gëtt. Erlaabt ass awer z.b. 20m FT8 an parallel 20m SSB.
All Member vum RL däerf d’Ruffzeechen an dem Zäitraum notzen wann en Loscht huet. Et muss een sech just beim Jean-Marie (LX1JH) per mail un umellen an duerno säin Log am adif Format ob déi selwecht Mail Adress schécken.
An dem LX75V Grupp kann een seng Aktivitéit ukënnegen an an d'Logbuch fënnt een hei.
Den RL wëscht vill Spaass mam Ruffzeechen.